D’Aarbichten um Kreesverkéier op der Fielserstrooss hunn dës Woch endlich ugefaang. Den Tracé ass op der Strooss agezeechent, d’Schëlter fir d’Ëmleedung si prett an déi Beem déi am Wee stunge si schonn ëmgeluecht.
interligne forcé
Aarbichten op der Kräizung Fielserstrooss – rue Merten – Sauerwiss [Foto: bp_csv-dk 2013-02-16]
interligne forcé
All Parteien am Gemengerot si sich eens, dass duerch dëse Rond-Point d’Verkéierssituatioun op der Kräizung Fielserstrooss – rue Merten – rue Sauerwiss, besonnisch moies fréi ëm 8 Auer a su géint der Mëttig, wäert entschäerft a berouigt ginn. Et gi niewent dem Rond-Point selwer awer och nach weider Busarrêten rechts a lénks laanscht d’Fielserstrooss ugeluecht.
interligne forcé
Situatioun vum Kreesverkéier a vum Areal Sauerwissschoul (rout Rumm) op der Fielserstrooss:
No uewe geet et an d’Fiels, no ënnen an Dikrich, no lénks bei d’Schwämm an no rechts an d’Sauerwiss.
[Grafik: bp_csv-dk 2010]
interligne forcé
Et bleiwt ze hoffen, dass deen aktuellen LSAP-Schäfferot niewent dem Rond-Point um Areal vun der Sauerwissschoul (rout Rumm) dee Projet vum virichten CSV-déi gréng Schäfferot “Aménagement de l’école Sauerwiss en Conservatoire de Musique du Nord” ausféiert. Mir erënneren drun, dass et virgesinn ass all d’Coursen vum Conservatoire de Musique du Nord (CMN) déi momentan wéinst Plazmangel op 8 verschidde Site verspreet zu Dikrich gehale ginn, um Site vun der Sauerwissschoul ze konzentréieren. Well d’Sauerwissschoul nach bis 2016 un den Nordstadlycée verpacht ass, kéinten déi Aarbichte fréistens no 2016 ufänken. Bis dohin hätten d’Gemengefinanzen sich och nees erkritt. Dat aktuellt Gebai vun der Sauerwissschoul gëtt ëmgebaut an et gëtt ee neit Danzhaus no beim Rond-Point an een Haus fir modern Musik aplaz vun der fréierer Sauerwissspillschoul opgeriicht.
interligne forcé
Projektioun vum Conservatoire de Musique du Nord um Site vun der Sauerwissschoul:
Vir am Bild de Kreesverkéier, Sauerwissschoul, Danzhaus, Haus fir modern Musik
[Dessin: architecture & environnement s.a. modifié bp_csv-dk 2010]
interligne forcé
Weider Detailer zum Projet CMN -Sauerwissschoul vun 2010.
interligne forcé