Am Budget 2013 huet d’LSAP ënnert der Nummer 4/0720/2133/017 am Chapitre extra-ordinaire eng Dépense vun insgesamt 160.000 € ageplangt, fir een Daach iwwer di Plateform beim Sprangbuer am Parc hannert der Recette (Maison WELL) z’installéieren: Installation d’un auvent au parc municipal. interligne forcé
D’Oppositioun (CSV, DP, déi gréng) huet geschlosse géint dëse Projet gestëmmt, well en
- zu dësem Zäitpunkt nët onbedéngt noutwendig ass,
- well e vill ze deier ass a
- well et méiglich ass, dass deen Iwwerdaach de Veräiner bei de Festivitéiten am Parc am Wee steet.
interligne forcé
Et handelt sich ëm dee Projet deen am Jar 2005 zu ganz haarden Diskussiounen am Gemengerot gefouert hat, well den LSAP-Projet “Fontaine am Parc” ni vum Gemengerot autoriséiert ginn ass wéi d’Gesetz dat virgesäit. An dat obschonn dee Sprangbuer am Parc summa summarum ronn 1.000.000 Euro kascht. Dat heescht am Klartext: D’LSAP huet eng Millioun Euro ausgi fir ee Projet deen de Gemengerot ni virdru gesinn hat. Deen deemolige Schäfferot ënnert LSAP-Féierung huet probéiert dee Projet zu engem Deel iwwert den Ordinaire an zum aneren Deel iwwer aner Projeten am Extra-Ordinaire (z. B.: Réaménagement de l’Avenue de la Gare oder Regenrückhaltebecken hannert der Gemeng alias RÜB IV) ze finanzéieren: Dat war an den Aë vun der Oppositioun dees Gudden zevill an de Projet ass 2006 gestoppt ginn.
interligne forcé
Originalplang vum Sprangbuer mat der Tribün an der Iwwerdaachung op der Säit vun der Sauer
[Plang: Architekt SCHMIZ]
interligne forcé
Lo huet d’LASP wëlles, dat wat si deemols verpasst hat rëm nei opzewiermen, an zwar fir massig Geld. Et schéngt der LSAP ganz egal ze sinn, dass d’Stad Dikrich de Moment net all ze déck do ass mat de Finanzen, well tëschent 2005 an 2011 nämlich eng nei Schoul, een neie Musee an eng nei Energiezentral gebaut gi sinn. D’Iwwerdaachung (hei hannendru eng Perspektiv-Zeechnung vum Iwwerdaach an vum Gelänner ronderëm d’Tribün) soll lo zousätzlich 160.000 Euro kaschten. Dem Buergermeeschter no erklärt deen héije Käschtepunkt sich duerch dat Gelänner, wat zousätzlich ronderëm d’Tribün soll ubruecht ginn.
Perspektiv-Zeechnung vum Iwwerdaach a Gelänner ronderëm d’Tribün
[Zeechnung: Architekt SCHMIZ]
interligne forcé
Et misst vläicht een dem Buergermeeschter soën, dass d’Tribün elo schonn duerch ee Gelänner geséchert ass an dass d’LSAP sich een neit Gelänner ka spueren. Ob doduerch de Projet “Installation d’un auvent au parc municipal” vill méi bëllig gëtt, ass ze bezweiwelen.
interligne forcé
Tribün mam Gelänner den 26. Dezember 2005