A wu ware si dann nëmmen ? (N° 3)

Screen Shot 2013-05-27 at 22.14.05Dëse Samsdig (8.6.2013) huet de Forum pour l’Emploi seng 15 Jar gefeiert.

Bei där Geleeënheet haten di Verantwortlich vum Forum mam Pit WINANDY als Direkter un der Spëtzt eng Porte ouverte an eng ganz intressant Table ronde iwwert d’Roll vun de Beschäftigungsinitiativen an de nächste Jaren organiséiert. Suguer den Aarbichtsminister Nicolas SCHMT (LSAP), deen ëmmer ërem gär op Dikrich kënnt, well heen nach familiär Verbindunge mat eiser Stad huet, huet sich eng Ëier an e Plëséier draus gemaach, fir un dësem Event Deel ze huelen.

 

interligne forcé

Screen Shot 2013-06-08 at 23.24.39De Podium vun der Table ronde

interligne forcé

Un der Diskussioun déi de Frank ROSCH geleet huet, hunn niewent dem Nicolas SCHMIT och nach den Ali KAES, als Haushär, den Emile EICHER, als Präsident vum SYVICOL, den André BAULER als Co-rapporteur vun der Chamberskommissioun déi sich intensiv mat de Beschäftigungsinitiativen befaasst huet an 3 méi oder manner jonk Leit, déi beim Forum ugestallt sinn oder waren, Deel geholl. Et ass bal een Affront, dass kee Vertrieder vum exklusiven LSAP-Schäfferot sich an de Walebroch beméit huet, fir den LSAP-Aarbichtsminister ze begréissen an de Forum z’ënnerstëtzen. Och d’Sozialkommissioun vun der Stad Dikrich huet duerch Abwesenheet geglänzt.

interligne forcé

Och dat passt sich net.

 interligne forcé

Screen Shot 2013-06-08 at 23.26.37Nolauschterer bei der Table ronde

interligne forcé

D’CSV-Fraktioun war vollzählig mam Paul BONERT, Françoise KERGER (ass iwwrigens och Vize-Präsidentin vum conseil d’administration vum Forum pour l’Emploi) a Jacques DAHM ugetrueden an de Jean-Luc MAJERUS huet d’DP vertrueden.

 

Weider Biller fannt Dir am  Album

interligne forcé

interligne forcé

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

interligne forcé