D’ Françoise HETTO an de Serge WILMES (Responsabel vun der “Kommissioun Grondwäerter”) hun dem Bezirkskomitee an de Responsable vun den CSV-Sektiounen aus dem Norden zu Housen di nei Grondwäerter vun der CSV virgestallt. An enger frëndschaftlicher Atmosphär ass den Text analiséiert a kommentéiert ginn.
Als Oflschloss huet d’Presidentin vum Bezierk Norden, Martine HANSEN, d’Positioun vun der CSV-Norden nach eng Kéier ëmrass: 9 Amendementer ginn dem Bezierkskongress den 22 Februar zu Mertzig zur Oftsëmmung virgeluecht.
D’Sektioun Dikrich war vertrueden duerch de Paul BONERT (President vun der CSV-Dikrich a Member vun der “Kommissioun Grondwäerter”), de Charel WEILER (Sekretär vum Bezierkskomitee), de Jos. WEBER (Sekretär vun der CSV-Dikrich) an de Jules BONERT (Caissier vun der CSV-Dikrich).