1 Stonn virum Kongress: Nach ass de Sall eidel !
Um Bezierkskongress vun der CSV-Norden vum 22. Februar 2016 zu Mäerzeg war di Dikircher Sektioun vertrueden mat net manner wi 12 Leit (7 Männer a 5 Fraën, d.h. Sex-Ratio von 41,66%): Paul BONERT (President), Pit WINANDY (Vizepresident), Jos. WEBER (Sekretär), Jules BONERT, (Caissier), Françoise KERGER-FABER (Gemengerot), Jacques DAHM (Gemengerot), Pit DAHM (Member vum Bezierkscomité), Charel WEILER, Member vum Sektiounscomité, Serkretär vu Bezierkscomité a Vizepresident vun der CSJ-Norden), Micheline DAHM-SCHILTGES (Member vum Sektiounscomité), Isabelle GRAFFIN (Member vum Sektiouns-comité), Carolina ALMEIDA a Bernadette GROSCH-DENBLYDEN.
L>R: Jacques DAHM, Jules BONERT, Jos. WEBER, Pit WNANDY
D’Françoise KERGER war fir d’Aschreiwung vun den Delegéierten zoustännig, de Charel WEILER, Sekretär vum Bezierkscomité, huet den Aktivitéitsbericht vum Comité virgedron an et war dem Paul BONERT seng Missioun d’Amendementer vum Bezierkscomité zu den nei Grondwäeter virzestellen.
De Charel WEILER huet den Aktivitéitsbericht vum Bezierkscomité virgedroën.
[Foto: Yves KARIER]
De Paul BONERT hat d’Charge d’Amendementer vum Bezierkscomité zu den neie Grondwäerter virzestellen.
[Foto: Yves KARIER]
Amendementer vum Bezierk Norden zu den CSV-Grondwäerter (pdf, 13 Säiten, 64 KB).
De Charel WEILER an de Pit DAHM ware Kandidat fir de Bezierkscomité. D’Martine HANSEN ass mat enger iwwerwältigender Majoritéit vun 97,43 % an hirer Funktioun als Bezierkspresidentin bestätigt ginn. Nieft dem President ass och e neie Bezierkscomité bestëmmt ginn. Rondrëm d’Martine Hansen sinn folgend Leit an de Comité gewielt ginn (dem Alphabet no): Sonja CONZEMIUS (Waarken), Stefano D’AGOSTINO (Mäerzig), Christophe HANSEN (Donkels), Edmée JUNCKER (Ettelbréck), Yves KARIER (Heischent), Christine LUTGEN épouse ANSAY (Rëmeljen), Lucien MEYERS (Lellgen), Uljana MOLITOR (Houffelt), Annie NICKELS-THEIS (Lëpschent), Pascal NICOLAY (Ettelbréck), Jean-Paul SCHAAF (Ettelbréck) a Charles WEILER (Dikrich). Membres d’office am Bezierkscomité sinn nach d’Députéiert aus dem Bezierk Norden, d.h. de Marco SCHANK, den Emile EICHER an den Ali KAES. Weider Membere kënnen nach als Vertrieder vun den Ënnerorganisatiounen aus dem Bezierk an de Comité kooptéiert ginn.
Neie Bezierkscomité vun der CSV-Norden: (L>R) Ali KAES, Jean-Paul SCHAAF, Sonja CONZEMIUS, Pascal NICOLAY, Edmée JUNCKER, Uljana MOLITOR, Stefano D’AGOSTINO, Martine HANSEN, Yves KARIER, Christine LUTGEN ép. ANSAY, Christophe HANSEN, Charel WEILER, Luss MEYERS, Annie NICKELS-THEIS, Marco SCHANK an Emile EICHER
[Foto: Yves KARIER]
Hei nach weider Biller vum Bezierkskongress:
[Merci dem Jules BONERT, Yves KARIER a Françoise KERGER-FABER fir d’Fotoën]