Nationalkongress 2015 op Esch-Belval

 

Den 19. Mäerz 2016 war am Auditoire vun der uni.lu op Esch-Belval den Nationalkongress vun der CSV. De Georges MISCHO, President vun der CSV-Esch huet d’Éieregäscht an di vill d’CSV-Memberen aus dem ganze Land begréisst är de Parteipräsident Marc SPAUTZ de Kongress opgemaach huet. Fir d’éischt gouf de Kongressbüro agesat mam Pierre MELLINA, Buergermeeschter vu Péiteng, als President. Duerno huet de Generalsekretär Laurent ZEIMET  den Aktivitéitsbericht gemaach an de Georges HEIRENDT huet de finanzielle Bilan virgestallt.

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 13 - 2016-03-19@ 10-14-05

Ouverture vum Kongress duerch den CSV-President Marc SPAUTZ [bp]

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 23 - 2016-03-19@ 11-06-57

Am Kongressbüro huet d’Françoise KERGER vun Dikrich de Norden vertratt. (L>R) Françoise KERGER, Stéphanie WEYDERT, Pierre MELLINA (President), Luc ZWANK an Cilly HIRRT [bp]

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 16 - 2016-03-19@ 10-41-39

Den Auditorium beim Rapport vum Generalsekretär Laurent ZEIMET [bp]

 

No deem administrativen Deel sin d’Parteigremien nei opgestallt ging. Geweelt goufen de Marc SPAUTZ mat 92,6% vun de Stëmmen als Parteipresident, d’Martine HANSEN mat 94,8% vun de Stëmmen als 1. Vizepräsidentin an d’Françoise HETTO-GAASCH mat mat 92,1% vun de Stëmmen als 2. Vizepräsidentin, de Laurent ZEIMET mat 93,4% vun de Stëmmen als Generalsekretär, de Georges HEIRENDT mat 97,8% vun de Stëmmen als Generaltresorier. An den Nationalcomité goufe gewielt de Fred TERNES an d’Marthe SCHMIT fir den Zentrum, de Serge HOFMANN an Mia AOUADI fir de Süden, d’Liane FELTEN an de Romain OSWEILER  fir den OSTen an d’Edmée JUNCKER an den Yves KARIER fir den Norden. Zu gudder Letzt sinn och nach 2 Keesserevisoren an d’Membere vum Disziplinarrot a vum Berufungsrot bestëmmt ginn.

 

Screen Shot 2016-03-25 at 23.55.48

 

D’Martine HANSEN huet als Responsabel vum Nachwuchsförderprogram, eng Dozen jonk CSJ- an/oder CSV-Memberen virgestallt, di dëst Jar un enger spezifischer Formatioun kënnen deelhuelen.

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 26 - 2016-03-19@ 11-53-22

De Millésime 2016-2017 vum CSV-Nowuesförderprogramm mam (L>R) Martine HANSEN [bp]

 

No de Wahlen vun de Parteigremien huet d’Annegret KRAMP-KARRENBAUER, Ministerpräsidentin vum Saarland und CDU-Landesvorsitzende vum Saarland, eng ganz engagéiert an iwwerzeegent Ried gehal, iwwer de Schenge-Raum, d’Groussregioun, d’Méisprochegkeet an den Arbechtsmart.

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 28 - 2016-03-19@ 12-38-32

Annegret KRAMP-KARRENBAUER, Minsterpräsidentin des Saarlandes [bp]

 

De plat de résistence vum Kongress war d’Diskussioun an de Vote vun der aktualiséierter Versioun vun den CSV-Grondwäerter. D’Françoise HETTO-GAASCH an de Serge WILMES hun d’Grondwäerter virgestallt är iwwer 74 Amendementer getrennt ofgestëmmt ginn ass.

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 10 - 2016-03-19@ 10-10-15

 

< Definitiv Versioun vun den CSV-Grondwäerter (issuu) >
< Definitiv Versioun vun den CSV-Grondwäerter (pdf) >

work in progress

 

Als Ofschloss vum Nationalkongress hunn de Fraktiounspresident Claude WISELER an de Parteipresident Marc SPAUTZ di politisch Aktualitéit kommentéiert.

 

CSV 2016-03-19 Nationalkongress 2_Congrès - 32 - 2016-03-19@ 15-18-20

 

Fotoalbum vum CSV-Nationalkongress op Esch-Belval

 

 

Fotoalbum vum Site uni.lu op Esch-Belval

 

 

Dir fannt nach weider Biller vum Nationalkongress op facebook :

 Screen Shot 2015-03-29 at 01.45.15 CSV-Dikrich          Screen Shot 2015-03-29 at 01.45.15 CSV-Norden          Screen Shot 2015-03-29 at 01.45.15 CSV          Screen Shot 2015-03-29 at 01.45.15 CSJ

CSV-DIKRICH_2013 300dpi