CSV Dikrich – Assemblée générale extra-ordinaire

 

  • TextPaul BONERT
  • Photos: Jules BONERT, Jacques DAHM
  • Presentatioun: Paul BONERT (keynote)

 

De 6. Abëll 2017 hat di Dikricher CSV-Sektioun eng ausseruerdentlich Generalversammlung aberuff, fir di 13 CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017 virzestellen an iwwer d’Lëscht ofzestëmmen. De Sektiounspresident Paul BONERT huet d’Memberen, d’Eieregäscht Martine HANSEN (Deputéiert, Vizepresidentin vun der CSV, Presidentin vun der CSV Norden), Marco SCHANK (Deputéiert), Emile EICHER (Deputéiert), Ali KAES (Deputéiert), Jean-Paul SCHAAF (Buergermeeschter vun Ettelbréck), an d’Frënn vun der Ettelbrécker Sektioun (Fons SCHMIT, Luss RENCKENS, Sonja CONZEMIUS) begréisst an den Ordre du Jour virgestallt. Entschëlligt hate sich d’Edmée JUNCKER, d’Viviane DICHTER an d’Denise WEIS.

 

 

De Pit WINANDY, Vizepresident vun der Sektioun Dikrich, huet ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Zesummesetzung an de Funktionnement vum Comité électoral gin, deen d’Selektioun vun de Kandidate gemaach huet.

 

 

Duerno huet de Charles WEILER, Member vum Sektiounscomité a Member vum Comité électoral, dZesummesetzung vun der Lëscht analyséiert: Alter, Geschlecht, Beruf an Interesse waren di eenzel Critèren di hee beliicht huet.

 

 

Di eenzel Kandidaten huet dunn de Frank KUFFER, Member vum Bezierkscomité vun der CSV-Norden, op eng ganz gefällig Manéier virgestallt.

 

 

Presentatioun vun de Kandidaten

 

 

No der Presentatioun huet de President Paul BONERT dem Jacques DAHM, deen dës Kéier net mi mat an d’Wahle geet, Merci gesot fir säi laangjährigen Asaz am Gemengerot (1990-2017) a virun allem als Buergermeeschter vun 2008 bis 2011.

 

 

Beim Punkt Diskussioun huet de René STEICHEN, fréiere Buergermeeschter, Staatssekretär, Minister an Europa-Kommissar d’Wuert ergraff an de Kandidaten un d’Häerz geluecht an aller Däitlickeet dem Wieler ze soe wou d’Kromm bei der aktueller LSAP-Majoritéit an der Heck läit.

 

Op Invitatioun vum President huet d’Assemblée no der Disckussioun mat engem Vote à main levée iwwert déi vum Comité électoral proposéiert Lëscht ofgestëmmt. D’Lëscht gouf ouni Géigestëmm an ouni Enthalung eestëmmig ugeholl.

 

 

Mam Schlusswuert huet d’Martine HANSEN sich ganz zefrideen iwwert d’Lëscht vun der Dikircher CSV, eng staark, ausgeglachen a kompetent Lëscht, gewisen. Di allerbeschte Viraussetzung fir ee gutt Resultat bei de Gemengewahlen 2017 ze maachen.

 

Fir den Owend ofzeschléissen huet de President d’Assemblée nach op ee Patt an e klenge Maufel am Bistrot op de Kluuster invitéeiert.