Wéi hunn d’Leit gewielt? Wéi hunn d’Parteien ofgeschnidden? Ween huet d’Wahle gewonn? Ween huet d’Wahle verluer? Wéi hunn di eenzel Kandidaten ofgeschnidden? Wéi gesäit deen nächste Gemengerot aus? Ween ass am Schäfferot? Wee steet hannert der absoluter Majoritéit?
Mat e puer Tableauen [Merci duerfir dem Yves KARIER] a Grafiken [Paul BONERT] illustréiere mir d’Resultater vun de Gemengewahlen 2017 zu Dikrich.
LSAP an DP verléieren 1.126 respektiv 1.221.Stëmmen. Di gréng leeën 1.055 Stëmmen zou an d’CSV kann suguer e Plus vun 2.929 Stëmme verbuchen. Am Verglach zu 2011 sinn dat fir d’CSV 7,77 % Stëmmen méi. Bei de Lëschtestëmmen huet d’CSV suguer 8,43% zougeluecht. Deemno ass d’CSV deen endäitige Gewënner vun dëse Wahlen.
D’Wahlarithmetik verschaaft der LSAP – mat engem Stëmmenundeel vun nëmme 47 % – di absolut Majoritéit am Gemengerot mat 7 Sëtz (6 direkt Sëtz an 1 Reschtsëtz) vun 13 Sëtz. Dat heescht, dass an den nächste 6 Jar d’LSAP bestëmmt, wat zu Dikrich – an an der Nordstad – geschitt, obschonn (100 – 47 =) 53% vun de Wieler net mat LSAP-Politik averstan sinn.
D’CSV huet 7,8 Prozentpunkten zougeluecht, während d’LSAP 6,1 Prozentpunkte verluer huet. Den Ofstand vun der CSV zur LSAP ass deemno ëm (7,8 + 6,1 =) 13,9 Prozentpunkte agaang, an zwar vun 29,5% op 15,6 %.
Net nëmmen d’LSAP huet als Partei massiv Stëmme verluer. Och hiere Spëtzekandidat, Claude HAAGEN, huet misse kräftig Plomme loossen (rout Kolonn no ënnen um rechtse Rand vum Diagramm): Ee Minus vun 279 Stëmmen entsprécht engem Verloscht vun 11,3 Prozentpunkten am Verglach mat 2011. Domat ass de Claude HAAGEN – nach virum René BLUM (och LSAP) – de gréisste Perdant vun de Gemengewahlen 2017 zu Dikrich.
Am neie Gemengerot vetrëtt d’Majoritéitspartei – LSAP – mat 7 vun 13 Sëtz 47% vun de Wieler. D’Oppositiounsparteien – CSV, déi gréng an DP – hu mat 6 vun 13 Sëtz 53 % vun den Dikricher Wieler hannert sich.