1) Begréissung
D’Generalversammlung vun der CSV-Dikrich war dëst Jar den 26. Januar 2018 am Internat Jos SCHMIT op der Esplanade. De Präsident Paul BONERT konnt als Éieregäscht d’CSV-Deputéiert aus dem Norden, d’Martine HANSEN (Vize-Presidentin vun der CSV a Presidentin vum Bezierk Norden) an den Aly KAES, den Ettelbrécker Buergermeeeschter Jean-Paul SCHAAF an d’Buergermeeschtig vu Buurschent Anni NICKELS-THEIS begréissen.
D’Assemblée op é Bléck: L>R: 1. Rei: Jean-François STEICHEN, Charles WEILER, Carla DE MAGALHAES, Jean-Jacques SCHAEFFER, Matine HANSEN, Anni NICKELS-THEIS, Aly KAES, Jean-Paul SCHAAF; 2. Rei: Jean BASTOS, Lucien GREGORIUS, Isabelle JACHIET, Jacques DAHM, Pit DAHM, Dan KNEIP; 3. Rei: Yves AREND, Bernadette GROSCH-DENBLIJDEN, Carlo GROSCH, Camille SCHWINNINGER, Marianne SCHWINNINGER-WEIS, Jacques BECKER; 4. Rei: Françoise KERGER, Monique ERSFELD, Roger LANNERS, Blanche EILENBECKER-MEYERS, Tonia PHILIPPE-WEALER; 5. Rei: Charles FELTEN, Emile HIENTGEN, Romain FORMAN, René STEICHEN, M. HANA sr, Ardian HANA; 6. Rei: Chantal WEILER-MAINZ, Robert BOHNERT.
L>R: Jean-Jacques SCHAEFFER, Martine HANSEN (Vizepresidentin vun der CSV, Presidentin vum Bezierk Norden, Deputéiert), Anni NICKELS-THEIS (Buergermeeschtig vu Buurschent), Jean BASTOS, Lucien GREGORIUS, Aly KAES (Deputéierten), Isabelle JACHIET, Jean-Paul SCHAAF (Buergermeeschter vun Ettelbréck), Pit DAHM.
Ganz am Ufank huet de President besonnisch un d’Karin LUCAS erënnert, dat eis Ufanks des Jars verlooss huet. Duerno konnt de President 4 nei Membere virstellen: Jean BASTOS, Marta ZMIJEWSKA, Ardian HANA an Paul GILS. Weider huet di Dikricher Sektioun 6 weider nei Memberen opgeholl déi 2017 op Dikrich geplënnert sinn: Yves AREND vu Klierf, Jacques BECKER vun Iechternach, Christiane LUX-HARDT vu Grooljen, Walther RODARO vu Bissen, Camille SCHWINNINGER, Marianne SCHWINNINGER-Weis a Jos THOLL vun Ettelbréck.
CSV-Dikrich AG 2018 (2018-01-26)
(6,4 MB, pdf)
2) Administrativen Deel
Am administrative Deel huet de Sektiounssekretär Jos. WEBER een Iwwerbléck ginn iwwer di sëlligen Aarbicht déi während dem letzte Jar vum Comité a besonnisch vum Comité électoral gemaach gouf. Duerno huet de Jules BONERT dee finanzielle Bilan vun 2017 virgestallt. D’Michèle WEBER-HEINEN an d’Blanche EILENBECKER-MEYERS (aplaz vum Marie-Thérèse BOEVER wat verhënnert war) haten d’Caisse kontrolléiert an hunn der Assemblée proposéiert dem Caissier d’Décharge ze ginn.
3) Wahlen
Well 2017 ee Wahljar war mussen dëst Jar d’Gremie vun der Sektioun – de Comité, d’Bezierksdelegéiert an d’Nationaldelegéiert – och erneiert ginn. An de Comité si 5 nei Memberen genannt ginn: den Yves AREND, de Jean BASTOS, de Pit DAHM, den Dan KNEIP an de Jean-François STEICHEN. Domat si lo 18 Memberen am Dikricher Sektiounscomité.
4) Politischen Deel
Am politischen Deel huet de Charel WEILER e kueze Réckbléck iwwert d’Gemengewahle vun 2017 gemaach. Säi Fazit: 1) deen eendeitige Gewënner vun dëse Wahlen ass ouni Zweifel d’CSV, 2) d’LSAP konnt di absolut Majoritéit nëmme verteidige well d’DP regelrecht agebrach ass an 3) dee Kandidat deen am meeste Plommen hänke gelooss huet ass ouni Zweifel den LSAP-Spëtzekandidat, deen 11 Prozentpunkten am Verglach mat 2011 verluer huet.
Zu den aktuellen Dossieren huet de Jean-François STEICHEN di illegal Art a Weis (ouni di vum Gesetz virgeschriwwen Ausschreiwungen), wéi de Kino vun der LSAP-Majoritéit géint de Wëlle vun den 3 Oppositounsparteien finanzéiert ginn ass, kritiséiert: Et ass d’Recht an d’Pflicht vun der CSV deen dubiose Finanzierungsmodus ee fir allemol vun den zoustännigen Instanzen ënnersichen a klären ze loossen.
De Jean-Jacques SCHAEFFER huet der Assemblée erkläert wéi d’Zukunft vun de Kierche ausgesäit wann de Fonds de Gestion des Edifices Religieux du culte catholique (FGER) bis operationell ass: Aus den 285 fréiere Kierchefabriken ginn 105 nei Kierchefabriken, eng pro Gemeng, gemaach. Jiddereng vun den 33 neie Pare kritt ee Conseil de Gestion Paroissial (CGP) an deem all di nei Kierchefabriken vun där jeweiliger Par vertruede sinn. Di 33 CGP gi vun enger zentraler Cellule de Coordination et d’Assistance (CCA) beroden an iwwerwaacht.
Ee kuerzen Iwwerbléck iwwer di kommunal a national Kultur- a Schoulpolitik huet duerno de Robert BOHNERT gemaach. D’LSAP-Majoritéit hällt sich aus der lokaler Kultur eraus: Si setzt keng Akzenter a gëtt keng Impulser. Ee Gléck dass mir ganz aktiv Kulturvereiner a kompetent an engagéiert Direkteschen an Direkteren vun den Dikricher Museeën hunn, déi gréistendeels dat kulturellt Liewen zu Dikirch gestalten a beräicheren. Op nationalem Plang ass de Bilan vun der Gambia-Schoulpolitik katastrophal. Aplaz di waarm Eisen wi z.B d’Formation professionnelle resolut unzepaken, huet de Minister et virgezunn sich ëm di parteipolitsch Restrukturation vun der Verwaltung ze këmmeren, hei an do mol eng Plooschter op di eng oder aner Wonn ze péchen an e puer onnëtz kosmetisch Verännerunge vu bestehenden Strukturen duerchzezéien.
De Paul BONERT huet di wichtig Aufgab vum neie Syndicat à vocation multiple NORDSTAD, Successeur vum Syndicat intercommunal ZANO, bei der Ëmsetzung vun der regionaler Entwécklung ervirgehuewen. Heen hätt gären e puer Detailer vun de Statuten vum neie Syndikat ginn. Leider huet d’LSAP-Majoritéit di letzt Versioun vun de Statute vum Syndicat à vocation multiple dem Gemengerot nach ëmmer net virgestallt.
D’Martine HANSEN (Vizepresidentin vun der CSV, Presidentin vun der CSV-Norden an Nord-Deputéiert), de Sekretär Jos. WEBER (L) an de Caissier Jules BONERT (R).
5) Schlusswuert
Als Ofschloss huet d’Martine HANSEN e kuerze Kommentar zu de Chamberwahlen am Hierscht gemaach an op de Bezierkskongress zu Wëntger (30. Januar 2018) resp. de Konvent am Mäerz zu Ettelbréck (24. Mäerz 2018) invitéiert.
6) Agape
Fir den Owend an engem gemittliche Kader auskléngen ze loossen war nach een Eessen am Restaurant “Jardin du Portugal” op der Gare um Programm, vun deem mir och nach e puer Biller hei hannendru weisen: