Den 30. Januar 2018 hat d’CSV Norden op hiere Bezierkskongress zu Wëntger invitéiert.
Sektiounspresident Luss MEYERS bei der Begréissung vun der Assemblée.
No der Begréissung duerch de Luss MEYERS, President vun der CSV Sektioun Wëntger, ass de Kongressbureau agesat ginn, mam Romain WESTER als Kongresspresident, mam Mario GLOD als Sekretär vum Kongressbuereau a man Petra STOBER, Christine LUTGEN a Max BINTENER als Assessoren.
L>R: Kongressbureau mam Petra STOBER, Mario GLOD, Romain Wester (President), Christine LUTGEN a Max BINTENER.
- Aktivitéitsbericht CSF-Norden vun der CSF Bezierkspresidentin Christine LUTGEN
- Aktivitéitsbericht CSJ-Norden vun der CSJ Bezierkssekretärin Sonja CONZEMIUS
- Aktivitéitsbericht CSV-Norden vum CSV Bezierkssekretär Charel WEILER
- Keessebericht CSV Norden vum CSV Bezierkstresorier Uljana MOLITOR
- Rapport vun de Keesserevisoren Luss RENCKENS a Jos THELEN
D’Bezierkspresidentin Martine HANSEN huet de politeschen Deel lancéiert mat engem Plädoyer fir den Norden. D’Martine Hansen huet de Leit verséchert, dass d’CSV Norden fir eng vergläichbar Liewensqualitéit fir ALL Bierger géif stoen. An dat iwwerall am Land. Och am ländleche Raum !
Uschléissend hunn den CSV Generalsekretär Laurent ZEIMET, den CSV Fraktiouns-president Claude WISELER an den CSV Parteipresident Marc SPAUTZ d’Wuert ergraff. Mat engem klore Message : d’CSV wëll zréck an d’Regierungs-Verantwortung. A fir d’Legislativwahlen am Oktober kënnen ze gewannen muss d’Partei geschlosse sinn. Eng Politik gestalten déi no vir geriicht ass an d’Leit iwwert déi nächst Méint mat Programm informéieren a mat Inhalt iwwerzeegen. An et ass wichteg, hei mat der néideger Rou un d’Saach erunzegoen.
Weider Biller vum Paul BONERT (38/45), Marie-Josée JACOBS (1/45) a Frank KUFFER (6/45) am Album hei hannendrun: