NoS-Workshop fir Gemengeréit

Fotos: bp_2021-10-06

 

Invitatioun un d‘Gemengeréit fir e Workshop zum

Thema „Projets denvergure fusion

Den 6. Oktober 2021 um 18.30 Auer zu Bettenduerf an der Sportshal

 D’Basis fir dëse Workshop ass d’Projetslëscht an der Annexe.
All Iddi fir weider Nordstad Projete kënnt Dir eis gäre per Email zoukomme loossen.

 

D’Stad Dikrich war gutt vertrueden mat

Françoise KERGER

Pascale SCHMOETTEN

Robert BOHNERT

Paul BONERT

Frank THILLEN

 

D’CSV-Dikrich hat am Juli 2021 folgend Projet’e per mail agereecht:

 

Diekirch, le 10 Juli 2021

Julie, Jean-Marc,

Mir wollten nach 2 Virschléi maachen fir nei / zousätzlich NoS-Infrastrukturen, déi gutt an d’Konzept vun der Nohaltigkeet a vun der Economie circulaire rapassen :

1) NoS-Toogoodtogo

Dat ass eng online Plattform déi als Objektiv Zero food waste huet an déi besonnisch d’Commerçant’e betrëfft déi Liewensmëttele verkaafen (Epicerie, Bäckerei, Metzlerei, Gäertnerei, Uebstbaueren, Restaurant, Hôtel, Café, etc).

Um Enn vum Daag ginn déi Liewensmëttelen, déi deen Daag drop nët méi kéinte verkaaft ginn, well se dann ze al sinn oder well se ofgelaaf sinn, online – op dem NoS-toogoodtogo-Site oder per NoS-toogoodtogo-App – fir ee ganz klenge Präiss ugebueden. Déi Liewensmëttel kënnen eenzel oder als Package ugebuede ginn. Interessente kënne sich dann déi nët méi ganz frësch bzw. bal ofgelafen Liewensmëttel an de Buttik siche goen. D’NoS huet eng masse critique vun Awunner déi et erlaabt sou een online-Service regional opzebauen.

Selbstverständlich ginn iwwer dee Wee keng Liewensmëttelen ugebueden déi net méi genéissbar sinn.

Cf.  https://toogoodtogo.de/de

2) NoS-NextUser

Schafe vun enger Plaz an der NoS – am Besten an der Noperschaft vun engem Centre de recyclage, vläicht um SIDEC – wou een Alles wat een nët méi brauch, wat awer nach an engem akzeptabelen Zoustand ass oder wat nach ka gefléckt gin, kann ofginn. Fachleit sollen déi Saachen expertiséieren an entweder fir den direkte Verkaf fräi gin oder un de Reparaturatelier op der Plaz viruginn, wou déi Saachen bei Bedarf vun Handwierksleit ausgebessert oder gefléckt ginn. Intressente kënnen dann déi Saachen entweder gratis (z.B. wann si se selwer wëlle flécken, also nët zertifiziert Saachen) oder fir ee soziale Präis (bei gefléckten an zertifizéierte Saachen) ofhuelen.

Dozou gehéiert natiirlich och een online NoS-NextUser-Site bzw. eng NoS-NextUser-App, op där Leit di Interessi hunn, Alles fannen, wat – zertifizéiert oder nët zertifizéiert – dee Moment ugebuede gëtt. Dëse Second-Hand-Shop asss natiirlich nët fir Kleeder oder Gefierer (fir de bestehenden Second-Hand-Kleederbuttiker an Autos-Okkasioushändler keng Konkurrenz ze maachen) mee fir all aner Gebrauchsgéigestänn: Velo, Méimaschinn, Eessservice, Computer, Spillsaachen, Bicher, Fotoapparat, Miwwel, Schong, Musiksinstrumenter, Fitnessgeräter, Tappien, Printer, Luuchten, Frigidaire, Kachmaschinn, Handwierksgeschiir, Radio, Tele, etc.

Saachen déi futti sinn oder net méi ze flécke sinn, kënnen direkt um Centre de recyclage (SIDEC) bleiwen an do zerluecht an / oder zerstéiert ginn.

Niewent der ökologischer – mehrfache Gebrauch am Sënn vun Nohaltigkeet an Economie circulaire – huet de Projet NoS-NextUser och nach eng wesentlich sozial Komponent : a) Nidrig Präissser fir gebrauchten awer funktiounsfähig Artikelen an b) nei Aarbichtsplazen am Expertise – a Reparatur-Atelier an an der on-line-Administratioun.

Merci dass dir eise Mail bis zum Schluss liesst.

Léif Gréiss a Vill Courage wënschen

Paul BONERT, Françoise KERGER, Robert BOHNERT, Charles WEILER