1) Konzept
1959 ass d’Gemeng an dat neit Stadhaus op der Gare geplënnert. Well d’Haus mat de Jaren ze kleng ginn war a well di elementaarst Sécherheetsbestëmmungen net méi konnten agehal ginn (eng eenzig hëlzen Trap an engem ëffentliche Gebai !), muss d’Stadhaus an d’Rei gesat, ëm- an ausgebaut ginn.
interligne forcé
No deem futuristischen LSAP-Projet vun 2005, deen dat historischt Gebai vum Keller bis op de Späicher verschandelt hätt, huet dee virichte Schäfferot ënnert CSV-Féierung méi een dezente Projet ausgeschafft, deen deem historische Charakter vum Haus gerecht gëtt. D’Versioun 2010 vum Projet huet och de Service des Sites et Monuments iwwerzeegt (de Service des Sites et Monuments muss säin Accord ginn, well d’Stadhaus als Monument National klasséiert ass) an et ass de Projet vun der virichter Majoritéit vun CSV an Déi Gréng, deen realiséiert gëtt.
2) LSAP-Projet 2005 (net gebaut)
Stadhaus LSAP-Projet 2005 (av. de la Gare)
i nterligne forcé
Stadhaus LSAP-Projet 2005 (Parc)
3) CSV-déi gréng-Projet 2010 (realiséiert)
Stadhaus CSV-déi gréng-Projet 2010 (av. de la Gare)
interligne forcé
Stadhaus CSV-déi gréng-Projet 2010 (Parc)
interligne
4) Réalisation
Virum Ëmbau [bp_2008-05-11]
interligne forcé
Ëmbau vum ale Stadhaus an neien Ubau (rechts) [bp_2013-05-21]
Den “aménagement intérieur” an d”alentours” mussen nach gemaach ginn [bp_2014-06-09]
Fir méi Plaz ronderëm d’Stadhaus ze hunn gëtt d’Haus SPRANCK ofgerappt [bp_2014-07-13]
interligne
5) Fotostreck vum Projet “Erneierung vum Stadhaus” (bp_1999-2014)
interligne forcé
forcé
Hallo,
Als ale Lateiner hun ech de Message verstanen. Gesetz ass Gesetz. Awer ët mecht mer Spaas, mech mat menge Kollegen (am Gemengerot) „auseinander zu setzen“. Mir soen hei: „der Ober sticht den Unteren“. Als „Unterer“ muss ët mer trotzdem erlaabt sën, „meinen Senf dazu zu geben“. Bis geschwënn.
Mat frëndleche Gréiss
Michel Klasen
Net nemmen vun 1999 un dokumentiërt,
recherchiërt a présentiërt.
Do kann ech mich nëmme wonneren,
dass net mi Lett hei geäntwert hun.
Villmools Merci fir dee Kommentar, zu deem mir folgendes wëlle bemierken:
Dat lëtzebuergischt Denkmalschutzgesetzt vun 1983 (Loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux), dat op der Charte de Venise vun 1964 baséiert, verlaangt, dass een Neibau bzw. Ubau sech am Stil an an der Ausféierung däitlich muss vum klasséierten a geschützte Gebai ënnerscheeden. Et wär also vum Gesetzt hier iwwerhaapt net méiglich geweecht, « én Ubau am Stil vun der Fassad vum aale Stadhaus hinzezauberen ».
Trompe l’œil-Architektur oder « sou maache wi wann » ass onerwënscht an denkmalschützerich een no go.
Doriwwer eraus : de gustibus et coloribus non est disputandum.
Dir léiw Leit,
Wéi mat dem Gaston Vogel ze schwätzen: den Ubau vum Stadhaus ass degoutant. Eng Ausschreiwung vun sou Arbichten ass EU weit virgeschriwen. D’Polen an Tschechen gehéieren dozou. Do gët et nach Stémetzer, déi én Ubau am Stil vun der Fassad vum aale Stadhaus higezaubert hätten. Der Prophet gilt nichts im eigenen Land. Duerfir sën ech ausgezunn.
Mat frëndleche Greiss
Michel Klasen
Schellenberger Weg 16
D-91077 Neunkirchen am Brand