Et gëtt am Fong kee gudde Grond, fir de Schoultransport zu Dikrich ofzeschafen. Well mam gratis Schoultransport vun der Gemeng kommen och di klengste Schoulkanner fir déi de Schoulwee am geféierlichsten ass, vun ënnen aus der Kléck, vum Ale Waasser, aus der Laach, aus der Sauerwiss an aus dem Walebroch séier a sécher an di nei Schoul hannert der Kiirch.
Interligne forcé
An trotzdem huet den LSAP-Schäfferot an der letzter Gemengerotssitzung ugekënnigt, d’Gemeng giff am Schouljar 2012-2013 kee Schoultransport méi organiséieren. « Si kënne jo dann mam Bummelbus fueren », sou dem LSAP-Buergermeeschter Claude HAAGEN säi knappe Kommentar. Wann de Schoultransport ofgeschaf gëtt, da ginn d’Kanner net all zu Fouss a si fueren net all mam Velo an d’Schoul, mee si gi rëm gréisstendeels mam Privatauto op d’Kluuster gefouert. Dat ass awer net den Zweck vun der Übung !!! Och wann ee muss spueren, soll ee net op där falscher Plaz ufänken.
interligne forcé
Kuck och am Dossier Schoultransport