Ganz intressant Diskussioun iwwert d’Zukunft vun der Landwirtschaft zu Lëtzebuerg den 18. November 2015 zu Ettelbréck an der Däichhal mam Martine HANSEN a Claude WISELER. Vill intresséiert Leit – 27 hate sich der ugemellt, no un di honnert waren der komm – hu matdiskutéiert a gehollef der CSV hier Positioun an der Landwirtschaftspolitik ze päziséieren an ze schäerfen.
Ënnert hinnen och d’Deputéiert Emile EICHER, Marco SCHANK, Felix EISCHEN an di fréier Landwirtschaftsministeren Octavie MODERT a Fernand BODEN. Aus der Nordstad waren de Jean-Paul SCHAAF (Buergermeeschter vun Ettelbréck), de Pascal NICOLAY (Gemengerot vun Ettelbréck), d’Edmée JUNCKER (Präsidentin vun der CSV-Sektioun Ettelbréck) an de Paul BONERT (Präsident vun der CSV-Sektioun Dikrich) am Auditoire.
Merci der Ettelbrécker Sektioun fir de Patt an de Maufel.