1) Notzung vun der Sonnenenergie
D’Sonnenenergie (Primärenergie) kann a Stroum (Sekundärenergie; Photo-Voltaik) oder an Hëtzt (Sekundärenergie, Photo-Thermik) ëmgewandelt ginn, eng ökologisch, nohaltig Notzung vun der Sonnenenergie déi vum Staat a vun de Gemengen encourgaéiert an ënnerstëtzt gëtt. [Grafik: bp_2015-11-21]
1.1) Photo-Voltaik (Sonnenenergie → Stroum)
De Staat
- subventionnéiert de Bau vun all Photo-Voltaik-Anlag déi manner wi 30 kWc Leeschtung huet an déi um Haus selwer installéiert ass a
- garantéiert dem Bedreiwer 15 Jar laang ee feste Präis fir dee produzéierte Stroum dee muss an d’Stroumnetzt agespeist ginn. Eng direkt privat Notzung oder Speicherung vum produzéierte Stroum ass de Moment net méiglich.
1.2) Photo-Thermik (Sonnenenergie → Hëtzt)
De Staat
- subventionnéiert de Bau vun enger Photo-Thermik-Anlag
- di produzéiert Hëtzt kann nëmme privat genotz oder gespeichert ginn.
2) Notzung vun der Sonnenenergie zu Dikrich
2.1) Photo-Voltaik
- Zu Dikrich kann een an d’Photo-Voltaik investéieren am Kader vun de Gemengeprojeten SUNELEC Diekirch 1 S.C. (Photo-Voltaik-Anlag op der Hal vun de Services Industriels op der Fielserstrooss) a SUNELEC Diekirch 2 S.C. (Photo-Voltaik-Anlag op dem Daach vun der Maison Relais/Spillschull). De Moment ënnersicht d’Gemeng, ob nach deen een oder aneren “ëffentlichen” Daach sich géif eegne fir eng drëtt oder véiert Photovoltaik-Gesellschaft ze grënnen an ob iwwerhaapt Intressi fir esou een zousätzliche Projet besteet.
- Fir di privat Notzung vun der Photo-Voltaik ze förderen an ze begleeden huet NORDENERGIE ee Solarkadaster fir d’Stad Dikrich opgestallt.
2.2) Photo-Thermik
- D’Notzung vun der Photo-Thermik geschitt ausschliislich op privater Basis. Et gëtt keng gemeinschaftlich Photo-Thermik-Anlag zu Dikrich.
- De Solarkadaster hëlleft och di privat Notzung vun der Photo-Thermik ze förderen an ze begleeden.
Di aktuell Photo-Voltaik-Anlagen zu Dikrich. Di eng gehéiert der Gemeng (Al Seeërei) an di zwou aner gehéiere je enger société civile (SUNELEC Diekirch_1 S.C. – Services industriels; SUNELEC Diekirch_2 S.C. – Grondschull – Maison Relais). [fond de carte: geoportail_2015; bp_2015-11-21]
3) Passt eng Photovoltaik-Anlag op mäin Daach ?
Wëllt een eng Photo-Voltaik-Anlag ganz privat op sengem eegenen Hausdaach installéieren, muss ee sich vir d’alleréischt vergewësseren, dass den Daach sich fir d’Installatioun vun enger Photo-Voltaik-Anlag eegent. Ob eng Photo-Voltaik-Anlag op en Daach passt oder net, hängt vu folgende Parameteren of:
-
Zoustand vu Daach (Tragfähigkeit des Daches)
- Deen Daach muss stabil an an engem gudden Zoustand sinn.
- D’Liewensdauer vum Daach soll op d’mannst su grouss si wi déi vun der Photo-Voltaik-Anlag.
- Wann d’Gespär oder de Belag (Leeën, Zillen, Blech, Koffer) vum Daach futti sinn, muss dat reparéiert ging, äert d’Photo-Voltaik-Anlag installéiert gëtt.
-
Aussriichtung vum Daach (Ausrichtung des Daches)
- Den Daach soll no Süden ausgeriicht sinn.
- Eng Photo-Voltaik-Anlag kann awer och op engem no Osten oder no Westen geriichten Daach installéiert ginn. De Rendement vun der Ost- oder West-Anlag asss nët su gutt wi dee vun enger Süd-Anlag.
- Bei engem Flachdaach spillt d’Ausriichtung keng Roll. D’Gerüst muss just sou opgestallt ginn, dass d’Panneaux’en no Süden kucken.
-
Pente vum Daach (Dachschräge)
- Deen idealen Neigungswénkel vum Daach fir d’Installatioun vun enger Photo-Voltaik-Anlag ass ± 30°.
- Eng Photo-Voltaik-Anlag kann awer och op engem Flaachdaach (Neigungswénkel = 0°) installéiert ginn. Da mussen d’Panneaux’en op engem Gerüst an enegm Wénkel vun ± 30° sou installéiert ginn, dass die eenzel Panneaux’e sich net een deem anere Schied maachen.
-
Schied um Daach (Dachverschattung)
- Wa Schied op eng Photo-Voltaik-Anlag fällt, ass de Rendement gläich Null. Duerfir däerf den Daach net am Schied leie vum Nopeschhaus, engem Baam, engem Schaachtich oder engem Daachausbau (Gauben).
- Och wa wéinst dem Schied keng Photo-Voltaik-Anlag ka gebaut ginn, ass et ëmmer nach méiglich eng Photo-Thermik-Anlag z’installéieren.
Prinzipiell kann all Photo-Voltaik-Anlag (verdréit guer kee Schied) duerch eng Photo-Thermik-Anlag (ass manner Schied-empfindlich) ergänzt ginn, sou laang genuch Plaz um Daach ass. [Grafik: bp_2015-11-21]
4) Wat ass ee Solarkadaster ?
Am Solarkadaster gëtt all eenzelen Daach op enger Loftopnahm vun Dikrich ënnersicht. Gekuckt gëtt d’Ausriichtung, d’Pente an de Schied deen op den Daach fällt. Een idealen Daach fir eng Solar-Anlag kuckt no Süden, huet eng Pente vun ± 30 Grad a läit net am Schied, weder vum Nopeschhaus, nach vun engem Bam, nach vun engem Schaachtich, nach vun engem Daachausbau. Doropshin ginn d’Deecher a 5 verschidde Kategorie klasséiert, vu gring, iwwer giel, bis rout.
Extrait vum Solarkadaster vun der Stad Dikrich: Lénks, Loftopnahm vum Quartier tëschent dem Gruef (rechts) an der Lann (lénks) [bp, geoportail_2015]. Rechts, Selwicht Bild mat der Photo-Voltaik-Kategorisatioun vun den Deecher. Faarwecode steet iwwer dem Bild. [VD, Nordenergie_2015]
All Propriétaire vun engem Gebai zu Dikrich kann een Extrait vum Solarkadaster ufroën: Demande fir een Extrait vum Solarkadaster. De Propriétaire kritt dann vun der Gemeng een Dokument mat der Evaluatioun vum Daach vum Gebai. Dann ass de Propriétaire informéiert ob den Daach vu sengem Haus sich eegent fir eng Photo-Voltaik-Anlag an/oder fir eng Photo-Thermik-Anlag.