Wat sinn d’Impulser vum Poopst Franziskus sénger Enzyklika fir chrëschtlech-sozial Politik ?

 

Oekozenter am Pafendall, di ideal Plaz fir den Thema vum CSV-Forum ë Mëttwoch-Owend, den 25 November 2015: LAUDATO SI.  Mat sénger éischter eegestänniger Enzyklika schwätzt de Poopst Franziskus d’Iwwerliewensfroe vun der Mënschheet un: Klimawandel, Ressourceverbrauch, de Kampf géint Aarmut. Wat sinn d’Impulser vun dësem Dokument fir chrëschtlech-sozial Politik?

 

Screen Shot 2015-11-27 at 00.27.37
Laudato Si, version française au format pdf (3 MB)

 

De Laurent ZEIMET huet d’Conférencierë vum Owend virgestallt :

  • de Matthias BELAFI, Mataarbechter vun der Däitscher Bëschofskonferenz beliicht wéi d’Enzyklika der Politik an hiren Entscheedungen kann hëllefen  an
  • de Gérard KIEFFER, Ëmweltbeoptragte vun der Lëtzebuerger Kierch, presentéiert de „Lëtzebuerger” Standpunkt.

 

Nom Exposé koum et nach zu enger ganz engagéierter Diskussioun un där de Marc SPAUTZ, de Marcel OBERWEIS, de Pierre LORANG, de Stefano D’AGOSTINO a nach vill anerer sich bedeeligt hunn.

 

Di Dikricher Sektioun war vertrueden duerch dFrançoise KERGER, de Jos. WEBER an de Paul BONERT.

 

Den Owend huet ofgeschloos mat engem gudde Patt an engem exzellente Maufel.

 

Merci och der Konrad-Adenauer-Stiftung fir d’Organisatioun vum Owend.

 

 

Screen Shot 2015-11-26 at 23.53.51