Fir den 1. Mäerz ware mir op d’AG vun der CSV-Ettelbréck invitéiert. De Paul BONERT, Sektiounspresident, an d’Françoise KERGER, Member vum Sektiounscomité, hu mat Intressi de Bilan 2015 vun der Ettelbrécker Sektioun, deen d’Presidentin Edmée JUNCKER virgestallt huet, verfolligt.
1. Rei, vu Lénks no Rechts: Françoise KERGER, Paul BONERT, Christian MOHR
(Merci dem Lucien RENCKENS fir d’Foto)
De Pascal NICOLAY, President vun der Sécherheetskommissioun, de Christian MOHR, President vun der Ëmweltkommissioun, de Lucien RENCKENS, Sekretär, an de Gast MICHELS, Caissier, hunn ee kuerzen Iwwerbléck iwwer hir jeweilig Aufgabeberäicher ginn, är de Buergermeeschter Jean-Paul SCHAAF een Ausbléck fir di nächst Jare gemaach huet: Wichtig Theme sinn a bleiwen d’Sécherheet, e méiglichen Ausbau vun der Schoul (école fondamentale), d’Wunningen an den Transport, an do besonnisch de “Projet Gare”.
Zum Schluss ass d’Presidentin vun der CSV-Norden an CSV-Deputéiert, Martine HANSEN a kuerze Wierder op d’Nationalpolitik agaang an huet festgestallt, dass mat de Gemengewahlen (2017), de Chamberswahlen (2018) an den Europawahlen (2019) dräi ganz wichtig Terminer op eis duerkommen, déi allen dräi mussen optimal preparéiert ginn a wou d’CSV op de jeweilige Lëschten muss lauter kompetent an engagéiert Leit proposéieren.