CSV-Lancement 2016

 

Ganz vill CSV-Memberen aus bal alle Gemengen haten  de Wee op de Lancement zu Mënsbich fonnt. E Lancement, dee ganz am Zeeche vun de Virbereedunge vun de Gemengewahlen 2017 stung. Esou huet den CSV-Generalsekretär Laurent ZEIMET de Sektiounen e Vademecum an e ganze Service-Package virgestallt, vun deem d’Sektioune profitéiere kënnen. De President vun den CSG (Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit) Claude CLEMES huet en éischte Projet vun engem Kaderprogramm presentéiert. Den nationalen CSV-Spëtzekandidat Claude WISELER huet nach eng Kéier seng tatkräftig Ënnerstëtzung am Gemengewahlkampf ënnerstrach.

 

Vertrieder vun der CSV-Sektioun Dikrich: Paul BONERT & Jules BONERT. [Foto by csv on fb]

 

D’Sektioun Dikrich war duerch de President Paul BONERT an de Caissier Jules BONERT vertrueden. Si hunn am Nomëttig och nach un engem ganz intressante Workshop mam Thema “Best Practices fir d’Gemengewahlen” – geleet vum Marc GLESENER – deelgeholl. Während engem Aarbichtseessen konnten d’Campagne-Responsabel sich iwwert hir Erfahrungen an de Wahlcampagnen austauschen. 

 

Alles an allem ee gutt organiséierten an intressanten Dag, als – inoffiziellen – Optakt vun der Wahlcampagne 2017.

 

Programm vum CSV-Lancement 2016

screen-shot-2016-11-27-at-00-47-49

 

Foto-Album CSV-Lancement 2016 [bp]

 

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi