CSV Dikrich Assemblée Générale 2016

 

D’Generalversammlung vun der CSV-Dikrich war dëst Jar den 3. Mäerz 2017 am Festsall vun der Schull hannert der Kierch. De Präsident Paul BONERT konnt als Éieregäscht d’CSV-Deputéiert aus dem Norden, d’Martine HANSEN  (Vize-Presidentin vun der CSV an Presidentin vum Bezierk Norden), de Marco SCHANK an den Aly KAES, d’Presidentin vun der CSV-Ettelbréck Edmée JUNCKER an de Vertrieder vum Bezierkskomitee vun der CSV-Norden de Frank KUFFER vun Ierpeldéng begréissen. Den CSV-Nordeputéierten Emile EICHER an den Europadeputéierten Frank ENGEL ware verhënnert an hate sich beim President entschëlligt.

 

L>R: Carlo GROSCH, Ali KAES (Deputéierten), Michèle WEBER-HEINEN, Tonia PHILIPPE-WEALER, Marco SCHANK (Deputéierten), Jacques DAHM (Gemengerot), Marco TOUSSAINT, Charel WEILER (Sekretär vum Bezierk Norden), Martine HANSEN (Vizepresidentin vun der CSV, Presidentin vum Bezierk Norden, Deputéiert), Pit WINANDY (Vizepresident vun der Sektioun).

 

Ganz am Ufank huet de President besonnisch un d’Mich DAHM-SCHILTGES erënnert, dat eis Ufanks des Jars verlooss huet. Heen huet dem Mich an dem Jacques hier Verdéngster fir d’Partei a fir d’Sektioun ënnerstrach. Duerno konnt de President 4 nei Membere virstellen: Cilly BRIMMEYER-MAJERUS, Michèle HEINEN, Karin LUCAS an Jean-Fraçois STEICHEN. D’Martine HANSEN huet ugekënnigt, dass d’Carolina ALMEIDA, Member seit 2015 a jéngste Member vun der CSV-Sektioun Dikrich, dëst Jar 2017 aan den Nowuesförderprogramm vun der CSV opgeholl gëtt.

 

CSV-Dikrich AG 2016 (2017-03-03) (format pdf)

 

De Sektiounssekretär Jos. WEBER huet ee “fotografischen” Iwwerbléck ginn iwwer di sëlligen Aarbicht déi während dem letzte Jar vum Comité gemaach gouf. 

Duerno huet de Jules BONERT dee finanzielle Bilan vun 2015 virgestallt. D’Michèle WEBER-HEINEN an d’Marie-Thérèse BOEVER haten d’Caisse kontrolléiert an hunn der Assemblée proposéiert dem Caissier d’Décharge ze ginn. Fir deen administrativen Deel ofzeschléissen krut de Comité mam Präsident, dem Sekretär an dem Tresorier och d’Décharge vun der Assemblée.

Beim Punkt 7) Neies aus der Gemeng huet de Jean-Jacques SCHAEFFER der Assemblée een detailléierten Iwwerbléck iwwert d’Zukunft vun den Dikricher Kierche virgestallt. D’Wuertmeldunge zu deem Thema vum Aly KAES a vum René STEICHEN weise wéi staark déi Problematik vun de Kierchen d’Leit beschäftigt a beonrouigt. Aner Themen waren de Bebauungsplan (PAG), de Syndicat à vocation multiple NORDSTAD, d’Finanzpolitik vun der aktueller Majoritéit an den Aarbichtspensum vun eisem Buergermeeschter.

 

De Sekretär Jos. WEBER (R) an de President Paul BONERT (um Riednerpult)

 

Als Ofschloss huet d’Martine HANSEN nach e.a. folgend Themen ugeschwat: Réorganisatioun vun de Rettungsdéngschter, Réforme vum Enseignement, Plans sectoriels, Ackerbauschull, HotelschullFir den Owend an engem gemittliche Kader auskléngen ze loossen war nach een Eessen am Restaurant Beau Séjour op der Esplanade um Programm, vun deem mir och nach e puer Biller hei hannendru weisen:

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi