Text & Biller: Yves KARIER [yk], Paul BONERT [bp]
An engem Sall, dee bis op déi läscht Plaz gefëllt war, haten d’CSF Norden, d’CSJ Norden an d’CSV Norden de 9. Mäerz op hir Bezierkskongresser op Housen invitéiert.
Virum CSV Norden Bezierkskongress waren d’Bezierkskongresser vun der CSF Norden an der CSJ Norden: L>R: Yves KARIER (Photographe, Vizepresident vun der CSV Norden), Charel WEILER (Vizepresident vun der CSJ Norden), Sonja CONZEMIUS (Sekretärin vun der CSJ Norden), Jean-François SCHNEIDERS, Stefano D’AGOSTINO (President vun der CSJ Norden) [bp]
No der Begréissung duerch de President vun der Sektioun Park Housen Nico WAGENER, gouf de Kongressbureau agesat, ënnert de Leedung vum Marcel THOMMES, Buergermeeschter vu Wëntger. Am administrativen Deel goufe fir d’éischt d’Aktivitéitsberichter vun CSF Norden (Christine LUTGEN), CSJ Norden (Stefano D’AGOSTINO) an CSV Norden (Charles WEILER) presentéiert. Duerno huet d’Uljana MOLITOR de Keesebericht gemaach.
De Charel WEILER huet den Aktivitéitsbericht vum Bezierkscomité virgedroën. [bp]
Am politeschen Deel huet d’Bezierkspresidentin Martine HANSEN an hirer Usproch e Plaidoyer fir de ländleche Raum am allgemengen a fir de Norden am besonneschen gehalen. Duerno hunn den CSV Parteipresident Marc SPAUTZ an den CSV-Fraktiounspresident Claude WISELER sech un d’Membere geriicht.
Um Bezierkskongress vun der CSV Norden war di Dikricher Sektioun vertrueden mat net manner wi 11 Leit: Paul BONERT (President), Pit WINANDY (Vizepresident), Jos. WEBER (Sekretär), Jules BONERT (Caissier), Françoise KERGER-FABER (Member vum Sektiounscomité, Gemengerot), Charel WEILER (Member vum Sektiounscomité, Sekretär vum Bezierkscomité a Vizepresident vun der CSJ Norden), Romain FORMAN (Member vum Sektiounscomité), Carla DE MAGALHAES (Member vum Sektiounscomité), Carolina ALMEIDA, Monique ERSFELD a Bernadette GROSCH-DENBLYDEN.
Vertrieder vun der CSV Dikrich um Bezierkskongress cun der CSV Norden L>R: Romain FORMAN, Jules BONERT, Paul BONERT, Carolina ALMEIDA, Bernadette GROSCH-DENBLYDEN, Carla DE MAGALHAES, Monique ERSFELD, Pit WINANDY, Jos. WEBER, Françoise KERGER-FABER, Charel WEILER. [bp]
Et war een dynameschen a gelongene Kongress mat interesséierte Memberen a kompetente Riedner. D’CSV Norden huet eng Kéier méi zum Ausdrock bruecht dass si sech weiderhin mat voller Energie fir d’Regioun an hir Leit asetzt.
No 3 ½ Stonn Kongress konnten d’Memberen de Owend ronderëm e Patt an e gudde Maufel den Owend gemittlech ausklénge loossen.
Hei nach weider Biller vum Bezierkskongress:
.