Fir den 31. Mäerz ware mir op d’AG vun der CSV Ettelbréck-Waarken an op een Diskussiounsowend mam Claude WISELER, President vun der CSV-Fraktioun, invitéiert. Eng Dozen Membere vun der Dikricher CSV-Sektioun, Paul BONERT, (President), Jos. WEBER (Sekretär), Jules BONERT (Trésorier), Françoise KERGER (Konselljee), Jacques DAHM (Konselljee), Robert BOHNERT, Charel WEILER, Jean-Jacques SCHAEFFER, Michèle HEINEN, Isabelle GRAFFIN, Carla DE MAGALHAES, Jean BASTOS, hu mat Intressi de Bilan 2016 vun der Ettelbrécker Sektioun, deen d’Presidentin Edmée JUNCKER virgestallt huet, verfolligt a ware gespaant op dem Claude WISELER seng Ried.
No dem administrativen Deel sin di 13 CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen 2017 zu Ettelbréck virgestallt ginn. Eng sympatisch an dynamisch Equipe, gutt fir Ettelbréck a gutt fir d’Nordstad. Wéi bei de Wahle vun 1999 an 2005 wäerten och dës Kéier d’CSV-Sektiounen aus der Nordstad eng gemeinsam Programmsäit fir d’Nordstad schreiwen; eng Initiative vum CoCoNoS oder Comité de Coordination Nordstad vun der CSV.
CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen 2017 zu Ettelbréck mam CSV-Fraktiounspresident Claude WISELER: (L>R) Lucien RENCKENS, Sonia DA SILVA, Pascal NICOLAY, Ana PINTO, Paul SOLVI, Viviane DICHTER, Mireille SCHMIT, Edmée JUNCKER, Luc RASQUI, Claude WISELER, Jean-Paul SCHAAF, Patrick DIEDERICH, Elisabeth WAGNER a Sonia CONZEMIUS.
Zum Schluss vun der Generalversammlung huet d’Presidentin vun der CSV-Norden an CSV-Deputéiert, Martine HANSEN, den CSV-Fraktiouns-President Claude WISELER ugekënnigt deen a senger Ried eng éierlich, reell a verantwortungsvoll Politk fir de Bierger a mat dem Bierger versprach huet. Folgend Themen huet de Claude WISELER ugeschwat: Europa, Steierreform, Finanzen, Verschuldung, Logement, Transport, 1.200.000-Awunner-Staat, Territorial-Orgnisatioun, Nordstad, Circular economy, … . Op e puer intressant Froën huet de Claude WISELER di passend Äntwërt fonnt.
E gudde Maufel an ee Pättchen hunn deen Owend ofgschloss.