Ganz intressanten Owend ë Mëttwoch, 3. Mee 2017, am CAPE zu Ettelbréck: Table Ronde mam Thema “Denk deng Nordstad” organiséiert vun der Denkfabrik Nordstad présentéiert vum Mariette ZENNERS mam Romain URBE (Caritas), Harpa Rún TORDARDOTTIR (Nordstad-Jugend), Romain POULLES (ECO Innovation Cluster), Bob STEICHEN (Leader Eisléck), Laure SIMON (Mouvement écologique), Paul IHRY (ORTAL).
Als Aféierung huet de President Frank THILLEN d’Denkfabrik an hir Objektiver virgestallt an de Staatssekretär Camille GIRA huet a senger Presentatioun drop higewisen, dass d’Nordstad méi wi je e wesentlichen Entwécklungspol vun der Landesplanung ass. Heen huet och eng ganz Abberzuel vu konkreten Aktiounen an der Nordstad fir di nächst Méint a Jaren ugekënnigt.
Allgemenge Fazit vum Owend ass:
- d’Nordstad ass erwënscht – vun ënnen a vun uewen – an d’Nordstad ass noutwendig,
- d’Nordstad muss vun ënnen rop wuessen a vun uewen – och finanziell – gepusht ginn.
Fir virun ze kommen brauch d’Nordstad
- een Identitätsschub an
- e Projet-Phare wéi z.B. een Automotive-, Agri-, Bio- oder Wood-Cluster.
D’Schlusswuert war fir den Haushär Jean-Paul SCHAAF, Buergermeeschter vun der Stad Ettelbréck déi de Patt offréiert huet.
Di Dikricher CSV war mat 14 Leit (Komitees-Memberen, Konselljeeën oder CSV-Kandidate fir d’Gemengewalen am Oktober 2017) gutt op der Nordstad-Table Ronde vun der Denkfabrik vertrueden mam Paul BONERT (President, Gemengerot), Isabelle GRAFFIN épouse JACHIET, Robert BOHNERT, Françoise KERGER-FABER (Gemengerot), Carla DE MAGALHAES, Jean BASTOS BANDEIRAS, Jean-Jacques SCHAEFFER, Pit WINANDY, Pit DAHM, Charles WEILER, Jean-François STEICHEN, Jules BONERT (Kässiee), Jos. WEBER (Sekretär) a Michèle HEINEN.