1) Virstellung vum Projet (Al Seeërei, 25-09-2012)
- Ville de Diekirch / Services industriels
- Enovos / Nordenergie
- Solartec
- Fiduciaire Müller
2) Opbau vun der Gesellschaft
- D’Gemeng stellt den Daach gratis zur Verfügung
- Nordenergie + Enovos plangen a bauen d’Anlag mat Solartec fir Sunelec-Diekirch s. c.
- D’Anlag gëtt finanzéiert vun der société civile Sunelec-Diekirch där si dann och gehéiert
- Spéitstens den 31. 12. 2012 muss d’Anlag a Betrieb geholl ginn an an d’Netzt aspeisen.
- D’Gestioun vun der Anlag gëtt gemaach vun der Fiduciaire Müller
- D’Gesellschaft besteet sou laang wi den Aspeisungspräis vum produzéierte Stroum vum Staat garantéiert ass, also 15 Jar
- Duerno verfällt d’Anlag un d’Gemeng
3) Funktionnement vun der Gesellschaft
- Maximal 31 Teilhaber vun der Gesellschaft kafen au total 31 parts sociales vu je 2.850,00 €
- Domat beleeft sich de capital initial vun der Gesellschaft op 31 x 2.850,00 = 88.350,00 €
- Am 1. Jar kréien dTeilhaber hier quote-part vun der TVA (i.e. 371,74 € ) zréck
- Am 2. Jar kréien d’Teihaber hier quote-part vun der staatlicher Subventioun (i.e. 700.90 €) ausbezuelt
- Ab dem 1. Jar gëtt all Jar eng quote-part vum bénéfice an eng quote-part vun der caisse pro part sociale un d’Teilhaber ausbezuelt
4) Wert-Entwécklung vun enger part sociale (prévisions)
- No 2 Jar (2014) huet den Teilhaber schonn d’Halschent vu sengem Asaz zréckbezuelt kritt
- Ab dem 8. Jar (2020) fängt den Asaz un sech ze rentéieren
- Um Enn vun der Lafzäit vu 15 Jar (2027) huet den Teilhaber e bénéfice vun 1.248,75 € gemaach (Rendement vun ± 2,5 %)
5) Site vun der Haaptanlag
- D’CSV-Déi Gréng Majoritéit hat d’Hal vun de Consorts LAUBACH an der Fielserstrooss ofkaaft
- An di fréier LAUBACH-Hal kommen verschidde Servicer vum Service industriel
- Op dem Daach vun der fréierer LAUBACH-Hal gëtt di éischt Photovoltaikanlag installéiert
D’Photovoltaikanlag vun der Gesellschaft SUNELEC Dikrich_1 op der Hal LAUBACH (Services industriels)
ass an der Mëtt vum Bild hannert deem roude véiereckige Kamäin ze gesinn (29 Dezember 2012).
6) Alternativ Siten fir Photovoltaik
- Well méi wi 31 Privatinvestisseure sich sich gemellt hun, kënnen nach eng oder méi zousätzlich Anlage vu manner wi je 30 kWc gebaut ginn
- Fir all zousätzlich Anlag muss eng nei Gesellschaft gegrënnt ginn
- Alternativ Site sinn: Nei Schull, Militärmusée, Pompjeeshal
Schlussendlich ass den Daach vun där neier Schull zréck behale ginn, fir eng zweet Photovoltaik-Anlag opzeriichten.
7) Assemblée constituante
Société civile SUNELEC Dikrich_1 (Hal LAUBACH)
….(Festsall vun der Schull, 06-11-2012)
8) Assemblée constituante
Société civile SUNELEC Dikrich_2 (Nei Schull)
….(Festsall vun der Schull, 20-12-2012)
9) Tableau comparatif
SUNELEC Dikrich_1 vs SUNELEC Dikrich_2
10) Rentabilité comparée (prévisions)
SUNELEC Dikrich_1 vs SUNELEC Dikrich_2