De Comité de Coordination NordStad vun der CSV – kuerz CoCoNoS – huet de 8. Januar 2018 op den Neijarspatt fir all CSV-Memberen a -Frënn aus der Nordstad zu Ettelbréck an d’Däichhal invitéiert.
I) Invitatioun
II) Usproochen
Am Numm vun den CSV-Sektiounen Ettelbréck an Dikrich huet d’Edmée JUNCKER, Presidentin vun der Ettelbrécker Sektioun, d’Gäscht begréisst. Ënnert hinnen d’Martine HANSEN, Vize-Presidentin vun der CSV a Presidentin vun der CSV-Norden mat dem ganze Bezierkskomitee, de Jean-Paul SCHAAF, Buergermeeschter vun Ettelbréck, de Paul BONERT, President vun der Dikricher Sektioun an d’CSV-Deputéiert Emile EICHER, Ali KAES a Marco SCHANK. A senger Ried huet d’Edmée besonnisch ënnerstrach, dass di 2 Sektiounen vun Ettelbréck an Dikrich ganz gutt bei de Gemengewahlen ofgeschnidden hunn: zu Dikrich huet d’CSV 7,8 Prozentpunkten zougeluecht, 1 Sëtz bäikritt a nëmme knapp verpasst der LSAP och ee Sëtz ofzknäppen. Zu Ettelbréck huet d’CSV 5,3 Prozentpunkte bäigeluecht an et fäerdig bruecht an enger Koalitioun mat der LSAP d’Zepter weider an der Hand ze behalen.
Duerno huet den Ettelbrécker Buergermeeschter an eenzigen CSV-Member am Comité politique vun der Nordstad, Jean-Paul SCHAAF, ee kuerzen Iwwerbléck iwwert den Historique vun der Nordstad gemaach an a graffen Zich di nächst Schrëtt am Opbau vun der regionaler Kooperation skizzéiert. Hei krit de Syndicat intercommunal à vocation multiple Nordstad, successeur vum Syndicat intercommunal ZANO, eng ganz besonnisch Roll ze spillen.
D’ Martine HANSEN ënnersträicht och de groussen Erfollig vun der CSV am ganze Land bei de Gemengewahlen. D’ Martine HANSEN huet awer och een Ausbléck op di nächst Chamberswahlen an dësem Jar gemaach, an huet fir den Norden eng ganz staark CSV-Lëscht versprach, hannert där sech all CSV-Membreren a Frënn vun der CSV mat Leif a Séil sollen engagéieren.
No den Usproochen ass den Owend bei engem sëffige Pättchen an e puer Schnittercher an enger gudder Atmosphär ausgeklong.
III) Aktivitéite vum CoCoNoS am Jar 2017
Gemittlich Soirée zu Ettelbréck (04. 06. 2017)
Gemeinsame Nordstad-Programm bei de Gemengewahlen (03. 07. 2017)
IV) Merci
- dem Edmée JUNCKER fir d’Iddi
- dem Yves KARIER, dem Lucien RENCKENS an dem Paul BONERT fir d’Biller
- dem Jean-Paul SCHAAF fir säin Asaz fir d’Nordstad
- dem Martine HANSEN fir seng Usprooch, an
- alle Gäscht fir hier Präsenz.
VI) Album vum CSV-Neijarspatt 2018 an der Nordstad