Mir hunn di traurig Flicht, den Doud vun eisem laangjärige Komiteesmember a President, dem
Nico MICHELS
matzedeelen.
Den Nico war Member vum Dikricher Gemengerot vun 2000 bis 2008 a Buergermeeschter vun 2006 bis 2008.
Mir verléiere mam Nico een engagéierten Enseignant, ee wäitsiichtige Politiker an ee gudde Frënd.
Dat alles ass awer näischt am Verglach mat deem Leed, wat dem Nico säin onerwaarten Doud fir seng Mamm, seng Geschwëster a virun allem fir seng Kanner bedeit.
Eist déifste Matgefill gëllt dem Nico senger Famill.
CSV-Fraktioun vun 2007 am Park hannert dem Stadhaus:
Françoise KERGER, Nico MICHELS (+), Robert BOHNERT, Paul BONERT, Jacques DAHM
Nico MICHELS
14.08.1957 – 10.06.2018
+
1978: Schoulmeeschter am Dikricher Primaire
Delegéierte vum Léierpersonal
1994-2007: Chargé de direction vum régime préparatoire (LTEtt)
1999, 2005: CSV-Kandidat bei de Gemengewahlen
2000-2008: Member vum Dikricher Gemengerot
2006-2008: Buergermeeschter vun der Stad Dikrich
2007-2009: Chargé de direction vum Nordstad-Lycée
2009: Chargé de mission am Ministère de l’Education
RIP