A wu ware si dann nëmmen ? (N° 1)

Déiwe Respekt a grousse Merci fir dee wonnerbare Concert an der Aler Seeërei gespillt vun der Dikricher Philharmonie ënnert der Leedung vum Luc RODENMACHER an der Zolwer Musik ënnert der Leedung vum Jean-Claude BRAUNDe Louis KARMEYER, Präsident vun der UGDA huet sécher Recht wann hee seet, deen Owend hätten di zwou beschte Musiken aus dem ganze Land gespillt (Cf. Artikel am WORT vum 24.November 2012).

interligne forcé occulté

interligne forcé occulté

Eigentlich schued, dass vum Dikricher Gemengerot nëmmen d’CSV-Konzelljeeë präsent waren. Fir d’éischt huet de laangjärige Präsident vun der Dikricher Musik, de Robert BOHNERT sich Suerge gemaach wi heen huet misse feststellen, dass weder eisen Député–maire nach ee vu senge Schäffen et derwäert fonnt hat, dëse Concert National lauschteren ze kommen. Duerno huet de Minister Marco SCHANK, deen eis an eiser Musik d’Éier gemaach hat deen Owend vun Heischent rof op Dikrich ze kommen, sich gewonnert, dass keen eenzige Vertrieder vum Schäfferot, absolut Majoritéit hin oder hier, sich an der Aler Seeërei gewisen huet. Last but not least, huet de franséischen Ambassadeur Jean-François TERRAL, dee fir dee Concert extra aus der Stad erop op Dikrich komm war, sich bei sengen Dëschnoperen nom Dikricher Buergermeeschter ëmfrot. Déi hunn him geäntwert : Deen aktuelle Buergermeeschter ass net hei, mä duerfir sinn awer dee fréiere Buergermeeschter Jacques DAHM an de fréiere Kulturschäffen Paul BONERT den Owend bei eis.

interligne forcé occulté

Luxemburger Wort 24-11-2012: Orchestermusik vom Feinsten, Nationales UGDA-Konzert der Harmonie – und Fanfareorchester in Diekirch fand großen Anklang

interligne forcé occulté

Den UGDA-Präsident Louis KARMEYER konnt zum Schluss dach nach een Député-maire a senger Usprooch begréissen. Wann net eisen, dann eben dee vun Zolwer : den Député-maire Georges ENGEL, LSAP-Buergermeeschter vun Zolwer an aktive Musikant, deen an der Zolwer Musik de Bass tatkräftig ënnerstëtzt.

interligne forcé occulté

De Georges ENGEL weist dass et geet: Et kann een déck Bake maachen – zum Beispill um Bass – an trotzdem senge Representatiounspflichten nokommen.

interligne forcé occulté