Al Schwämm

 

2013-01-05 Hëlze Bréck - g

D’Wier an di hëlze Bréck op der Aler Schwämm [Foto: bp_2013]

 

1)  Wourëms geet et ?

Bei dësem Projet geet et ëm den Aménagement vum Site vun der Aler Schwämm. Dee Projet huet 2004-2005 ugefaang an ass vum virichten CSV-Déi Gréng Schäfferot finaliséiert ginn. Di aktuell Versioun vum  Projet “Réaménagement du secteur Al Schwämm à Diekirch” gesäit folgend Etappe vir:

  1. Wier op der Sauer
  2. Hëlze Bréck
  3. Piste Canoé-Kayak (Stade d’eaux vives) op der Säit vun der Sauerwiss
  4. Regenrückhaltebecken N° 5 (RÜB -V) op der Säit vun der Ettelbrécker Strooss

De Projet guff ausgeschafft a gëtt finanzéiert vun

  1. Ministère du Tourisme
  2. Ministère des Sports
  3. Administration des Ponts et Chaussées (Bauverwaltung)
  4. Administration de la gestion de l’eau (Wasserwirstchaftsamt)
  5. Syndicat intercommunal des eaux résiduaires du Nord (SIDEN)
  6. Ville de Diekirch

De 7. Februar 2013 war d’Ausschreiwung am Wort.

 

2)  Phasage vum Projet

Den Oflaf vum Projet ass deen hei [Grafik: csv-dk_bp]:

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.002-001

Ausgangssituatioun

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.002-002

 Aalt Wier an al Bréck si fort

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.002-003

Ausbaggeren (hellblo) vum Sauerbett en amont  vum fréiere Wier

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.002-005

  Bau vun engem neie Wier (schwaarz) an enger neier “hëlze” Bréck (hellrout)

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.002-006

 Op der Säit vun der Sauerwiss (rechtst Sauerufer) gëtt eng Kanupiste (hellblo) ugeluecht

 

Op der lénker Säit vun der Sauer, ënnert dem Gebai vun der Aler Schwämm gëtt och nach ee Vestiaire vir d’Kanute gebaut an do drënner kënnt och nach dee 5. Regenrückhaltebecken (RÜB 5) vun Dikrich. Op dësen technischen Aspekt vum Projet “Réaménagement du secteur Al Schwämm à Diekirch” gi mir op dëser Plaz net an. Duerfir beschreiwe mir hei hannendrun folgend Etappen awer bësse méi am Detail: Wier op der Sauer, Hëlze Bréck a Kanupiste (Wildwasserkanal, Stade d’eaux vives).

 

3)  Wier op der Sauer

Dat aalt Wier ass baufällig a muss ofgerappt ginn. Wéinst den Iwwerschwemmungen muss dat neit Wier sou gebaut ginn, dass et bei Héichwaasser den Offloss vum Waasser net behënnert. Duerfir gëtt op engem Betonssockel ee Schlauchwier aus Gummi installéiert:

  • Am Summer gëtt d’Schlauchwier mat Waasser gefëllt; d’Sauer staut zréck an den Iwwerlaf vum Waasser gëtt duerch d’Kanuspist gekéiert.
  • Am Wanter oder bei Héichwaasser gëtt d’Waasser aus dem Schlauchwier rauslafe gelooss; d’Wier fällt zesummen a mëcht sich ganz platt fir d’Stréimung vun der Sauer net ze bremsen.

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.004-001     Al Schwämm 2013-02-07 bp.005-001

Gefëllte Schlauchwier mat Réckstau vum Waasser a Schnëtt duerch d’Schlauchwier [Foto: TR-Engineering]

 

Sou funktionnéiert d’Schlauchwier [Grafik: csv-dk_bp]:

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-001

Dat aalt Wier ass ofgerappt.
Vun ënne no uewen: Sauerbett (brong), Sauer (blo), Uwänner (gring), Himmel (hellblo)

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-002

Et gëtt ee neie Bëtongssockel (donkelgro) an d’Sauerbett (brong) gebaut

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-003

An d’Mëtt kënnt ee Bëtongspilier (hellgro)

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-004

 Op de Bëtongssockel gëtt d’Schlauchwier (schwaarz) geluecht a mat Waasser gefëllt  an d’Sauer gëtt gestaut

 

4)  Hëlze Bréck

Di nei “hëlze Bréck” gëtt op deem neie Wier opgeriicht. Et ass eng Bëtongskonstruktioun déi zum Schluss nach eng holze Verkleedung verpasst kritt. [Grafik: csv-dk_bp]:

 

Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-005

Op de Pilier an der Mëtt gëtt d’Gerüst vun där neier “hëlze” Bréck opgeriicht

     Al Schwämm 2013-02-07 bp.007-006

 D’Gerüst vun där neier “hëlze” Bréck gëtt mat Holz agekleet (bronge Strëch)

 

5)  Kanupist

D’Kanupist gëtt op där rechter Säit (Sauerwiss) vun der Sauer ugeluecht. Uewen beim Alaf reguléiert eng Schleiss den Debit vum Waasser a mécht d’Pist méi oder manner séier. Am Kanal selwer kënne mobil Hindernisser agebaut bzw. ausgebaut ginn. Eng Fëschleeder erlaabt de Fësch d’Wier vun ënnen no uewen ze passéieren.

Plans et Photos par TR-Engineering Présentation CC 2010-07-27

Kanupist (Stade d’eaux vives, Wildwasserkanal) [Plang: TR-Engineering] Dk Al Schwämm 200 Projet 2010 - 14

Alaf (Départ vum Parcours) vun der Kanupist mat  Schleiss a Fëschleeder [Plang: TR-Engineering]

 

6)  Vestiaires

Op der lénkser Säit vun der Sauer, niewent dem Gebai vun der Aler Schwämm gëtt och nach ee Vestiaire fir d’Kanute gebaut. An do ënnen dru kënnt de RÜB 5.

 

Dk Al Schwämm 200 Projet 2010 - 22

Plang vun de Vestiairen [Plang: TR-Engineering]

 

7)  Répartition des frais

 

Projet Al Schwämm Avant-projet sommaire 2013

Projet Al Schwämm, Répartition des frais: Avant-projet sommaire 2010

 

Projet Al Schwämm Adaptation budgétaire 2014-1

Projet Al Schwämm, Répartition des frais: Adaptation budgétaire 2014

 

8) Inauguration (22.04.2016)

Photos by bp, jd

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

 

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.