1) Wat ass den Dikricher Ëmweltpräis ?
Den 18 Abrëll 1988, huet de Paul BONERT, deemolige Präsident vun der Ëmweltkommissioun de Kommissiounsmembere proposéiert een Ëmweltpräis oder Prix de la Ville de Diekirch pour la Conservation du Patrimoine Naturel ze schafen. D’Reglement wat de Präsident ausgeschafft hat ass eestëmmig ugeholl ginn.
2) Reglement vum Dikricher Ëmweltpräis
Hei fannt Dir d’Reglement vum Prix de la Ville de Diekirch pour la Conservation du Patrimoine Naturel:
Reglement 1988-04-18 |
Sou wi den Artikel 16 et virgesäit an op Virschlag vun der CSV gëtt de Montant fir de Präis 2013 deen 2014 verdeelt gët vun 350 € op 500 € ropgesat.
3) Dikricher Ëmweltpräis 1988-2016
Dësen Tableau weist eng Oplëschtung vun de Lauréate vum Dikricher Ëmweltpräis.
Am Fall wu keng Kandidatur virlouch ass de Präis net verdeelt gin (non attribué), sou z. B. 1991, 1994, 1995, 1996, 1998, 2005, 2007, 2008, 2009, 2010, 2011, 2012 an 2015.
4) Den 1. Dikricher Ëmweltpräis 1988
Den 1. Dikricher Ëmweltpräis kritt 1988 eng Klass aus dem Dikricher Kolléisch, d’IIIe C2, fir d’Etude vun der Flora laanscht d’Uwänner vun der Sauer am Park, déi si ënner der Leedung vun hirem Biologieprofesser Jacques DAHM duerchgefouert hunn. D’Präisiwwerreechung war an der Holdär.
Iwwerrechung vum 1. Ëmweltpräis 1988 an der Holdär: (L>R) Jacques DAHM (Biologieprofesser vun der IIIe C2 vum Kolléisch, Fernande MOLITOR-COSTER, (Presidentin vom Syndicat d’Initiative et du Tourisme Diekirch), Robert BOHNERT (Schäffen), Paul BONERT (Gemengerot a President vun der Ëmweltkomissioun)
5) Dikricher Ëmweltpräis 2013
Den Dikricher Ëmweltpräis 2013 geet un d’Famill HOFFMANN-GRUEN fir hiere Projet HOFFMANNs Haff dee si tëschent 2003 an 2013 ëmgesat hunn.
Famill HOFFAMNN-GRUEN, Laureat vum Dikricher Ëmweltpräis 2013 [bp_2013]
Niewent dem Ëmbau vum Haff STEINLEIN zum HOFFMANNs Haff huet d’Famill HOFFMANN-GRUEN folgeng Projete réaliséiert:
Hei nach de Link op den Artikel vum Armand WAGNER am WORT
6) Dikricher Ëmweltpräis 2014
Den Dikricher Ëmweltpräis 2014 geet un den Dikircher Beierveräin fir seng Verdéngschter am Ëmweltberäich.
Iwwerreechung vum Emweltpräiss 2014 un den Dikricher Beieveräin: (L>R) Françoise KERGER (Gemengerot), Antonio PRETTI, Frank THILLEN (Gemengerot), René KANIVE (Schäffen), Carlo SCHMITZ, Jacques DAHM (Gemengerot), Pierre MEYER (Präsident vum Beierveräin), René FEDERSPIEL (Commissaire de Police), Marc FELTEN, René BLUM (Gemengerot) [Foto: Serge SCHOLTES, VD]
7) Dikricher Ëmweltpräis 2016
Den Dikricher Ëmweltpräis 2016 geet un de Veräin Gaart an Heem Dikrich fir hir Aktivitéiten am Jugendberäich. D’Präisiwwerreechung war am Stadhaus.
Iwwerreechung vum Dikricher Ëmweltpräis 2016 am Stadhaus un de Veräin Gaard an Heem Dikrich: (L>R) Tom SAUBER (Member vun der Commission du développement et de l’environnement), Pierre MEYER (Member vun der Commission du développement et de l’environnement), René BLUM (Gemengerot, President vun der Commission du développement et de l’environnement), Corneille ANSAY (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Carlo SCHMITZ (President vu Gaard an Heem Dikrich), Claude HAAGEN (Buergermeeschter), Marie Louise HERMES (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Jacques DAHM (Gemengerot, Sekretär vu Gaard an Heem Dikrich), Maisy FABER (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Bernard THIBEAU (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Françoise KERGER (Gemengerot, Member vun der Commission du développement et de l’environnement), Paul BONERT (Gemengerot) [Foto: Paul KELTESCH, VD]