oder Comité de Coordination CSV NordStad
An der Mëtt di 6 Nordstadgemengen: Kolmer, Schiren, Ettelbréck, Ierpeldéng, Dikrich, Bettendrëf | ||
Ronderëm d’Nordstadrandgemengen: Mäertzig, Feelen, Buurschend, Tandel, Reisdrëf, Äernzdall, Noumer, Biissen | ||
1) Wat ass de CoCoNoS ?
Den 27. August 2013 ass de Comité de coordination Nordstad, alias CoCoNoS, gegrënnt ginn: De CoCoNoS soll d’Aktivitéite vun der CSV an der Nordstad koordinéieren. De Moment gehéieren d’CSV-Sektioune vun Dikrich a vun Ettelbréck deem Gremium un. An den nächste Wochen a Méint wäerte mir och mat deenen aneren CSV-Sektiounen aus der Nordstad Kontakt ophuelen.
An enger 1. Phase sollen d’CSV-Memberen aus de 6 Nordstadgemengen an deem Gremium zesummen diskutéieren an zesumme schaffen fir hir politisch Aktivitéit an hiere jeweilige Gemengen openeen ofzestëmmen.
An enger 2. Phase sollen och CSV-Vertrieder vun den Nordstad-Randgemengen, déi deelweis lo schon un d’Nordstad ugebonne sinn, wéi z.B. an dem Office social régional Nordstad oder OsNoS, an de CoCoNoS opgeholl ginn.
Fir dee Groupe an e geregelte Kader ze stellen, huet de CoCoNoS sich Statuten a Form vun enger Konventioun ginn, déi provisorisch vun de Vertrieder vun den aktuellen 2 Membergemengen, Dikrich an Ettelbréck ugeholl gi sinn.
Hei fannt Dir di provisorisch Statute vum CoCoNoS / CoCoNoS-Konventioun
2) Aktivitéite vum CoCoNoS
Di nei stinn uewen, di al stinn ënnen
- Neijarspatt an der Nordstad (8. Januar 2018)
- Entrevue CSV-Dikrich & CSV- Ettelbréck-Waarken (03.07.2017)
- Neijarspatt 2017 zu Dikrich (10. Januar 2017)
- Bleift d’Kierch am Duerf ? zu Dikrich (23. März 216)
- Neijarspatt 2016 zu Ettelbréck (5. Januar 2016)
- “Op de Punkt” vun der Nordstad 2015-10
- Kierchentour
- Comité / Tour iwwer di Ettelbrécker Kiermes (22. Juli 2015)
- ZANO-Update zu Branebuerg (4. Mäerz 2015)
- Neijarspatt zu Dikrich (5. Januar 2015)
- “Op de Punkt” vun der Nordstad 2014-12
- Organisatioun vum CSV-Familljefest (27. Abrëll 2014)
- Visite vum Europaparlament mam Frank ENGEL (16. Abrëll 2014)
- Visite vum Mettis zu Metz (16. Abrëll 2014)
- “Op de Punkt” vun der Nordstad 2014-3
- fb-Seminar zu Dikrich (27. Januar 2014)
- Neijarspatt zu Ettelbréck (13. Januar 2014)