1) Dokumenter zum Projet “LTA op Kréiwénkel”
- Op de Punkt 2013-01 von der CSV-Diekirch (deutsche Fassung)
- Op de Punkt 2013-01 du CSV-Diekirch (version française)
- Commentaire intégral du CSV-Diekirch (op lëtzebuergisch)
- Motioun vum Bezierkskongress CSV-Norden proposéiert vun der CSV-Dikrich (Tandel, 2013-02-25)
- Question parlementaire, Emile EICHER (CSV) du 2013-03-06
- Question parlementaire, Martine HANSEN (CSV) cc Moratoire Kréiwénkel N° 1 du 2013-12-18
- Question parlementaire, Martine HANSEN (CSV) cc Moratoire Kréiwénkel N° 2 du 2013-12-18
- Article LUXEMBURGER WORT cc Position du nouveau gouvernement 2014-01-20
- Article RTL cc Décision du gouvernement, conférence de presse du 2014-07-17
- Album-photo de la réalisation du projet “LTA op Kréiwénkel” (actualisation au fur et à mesure de la progression des travaux)
2) Situatioun vum Projet “LTA op Kréiwénkel”
Schematisch Duerstellung: D’Stad Dikrich läit am Sauerdall tëschent 3 Koppen: den Härebierg am Nordosten, de Goldknapp am Nordwesten an d’Haardt am Süden. Den ZANO (Zone d’activités Nordstad op Fridhaff) an d’Kasäre laien am Norden an di nei Ackerbauschull (LTA) soll op halwer Héicht südöstlich vun Dikirch op Gilsdrëffer Terrain (Kréiwénkel) laie kommen. [Grafik: bp_2013]
Lénks am Dall d’Stad Dikrich, gut ze gesinn d’Dekanatskierch an dat neit Altersheim. An der Mëtt, uewen op der Kopp, d’Kasäre vum Härebierg. Vir am Bild de Site “op Kréiwénkel” (Gilsdrëffer Terrain, Gemeng Bettendrëff) wou di nei Ackerbauschull soll hikommen. [bp_2013]
3) Photomontage (no de Pläng vun 2011)
LTA in situ “op Kréiwénkel” vum Härebierg aus gekuckt [Photo et photomontage: bp_2011]
4) Avis vum Gemengerot (September 2009)
De Gemengerot huet dee vum deemolige Schäfferot mam Jacques DAHM als Buergermeeschter an de Schäffen Frank THILLEN a Paul BONERT proposéierte schrëftlichen Avis zum Projet “LTA op Kréiwénkel” eestëmmig ugeholl.
LTA – Avis Conseil communal 2009-09
Prise de position de Monsieur Claude WISELER, ministre de l’Intérieur
5) Annonce Projet de loi
6) Debatt an der Chamber (27. März 2012)
LTA – Débat à la chambre 2012-03-27
7) Versioun 2012 vum Projet (an der Chamber gestëmmt)
Den aktualiséierte Plan de situation (versioun 2012) [légende: bp_2013]
Uewen: Nei Ackerbauschull an di technischen Installatiounen mat Internat, Sportsterrain a Parking.
Ënnen: Hotelschull (LTHAH), dee provisorische Nordstadlycée (NoSL), de Kolléisch (LCD), de Stadion, d’Sportshal, d’Piscine an di geplangte synthetisch Football- an Tennisterrainen
D’Chamber huet mat de Stëmme vun de Koalitiounsparteien CSV an LSAP (minus 1 Stëmm) di aktualiséiert Versioun vum Projet approuvéiert. Folgend Gebaier si geplangt:
1) Lycée technique agricole mat den technischen Installatiounen déi dozou gehéieren (bloe Rondel)
2) Internat (roude Rondel), ass net méi Bestanddeel vun deem Projet, deen d’Regierung de 17. Juli 2014 an enger Pressekonferenz virgestallt huet.
3) Bürosgebai fir d’Chambre de l’Agriculture an Laboratoire vun der ASTA (Administration des Services Techniques de l’Agriculture) sollten zum Deel op Dikricher Terrain gebaut ginn (orange Rondel), sinn awer net méi Bestanddeel vun deem Projet, deen de 27. März 2012 an der Chamber gestëmmt ginn ass an och net vun deem, deen d’Regierung de 17. Juli 2014 an enger Pressekonferenz virgestallt huet.
Gebaier di am “Projet LTA op Kréwénkel” deen an der Chamber gestëmmt ginn ass, virgesi sinn: Ackerbauschull (1, 2, 3), technisch Anlagen (4, 5, 6), Internat + Sportsanlagen (7), Parking (8) [Projection par bureau d’architecture, légende: bp_2013]
Well kee Gebai méi direkt op Dikricher Terrain stoe kënnt, brauch keng Ännerung vum Plan d’Aménagement Général (PAG) vun der Stad Dikrich am Gemengerot méi gestëmmt ze ginn fir de Projet LTA-Kréiwénkel kënnen ze réaliséieren.
Den Accès vum Site LTA-Kréiwénkel (schwaarze Véiereck) sollt iwwert ee Rond-Point op der Fielserstrooss (N14) op der Héicht vun dem Drénkwaasser-Reservoir vun der Stad Dikrich garantéiert ginn.
Hei wär den Zentrum vun deem geplangte Kreesverkéier deen den LTA mat der N14 (Strooss Dikrich-Fiels) verbënnt. [bp_2013]
Plang vum Kreesverkéier a vum Accès op de Site vum “LTA op Kréiwénkel”
8) Moratoire imposé par le conseil communal de Diekirch (12. 2012, 12. 2013)
De Gemengerot huet mat 9 vun 13 Stëmmen den Terrain op deem den Accès zum LTA ugeluecht soll ginn mat enger “Servitude d’interdiction de lotissement et de construction” beluecht. Déi Servitude gëllt nëmmen 1 Jar (12. 2012 – 12. 2013), kann awer fir een 2. Jar (12. 2013 – 12. 2014) verlängert ginn. Duerno muss dee verhänkte Moratoire am PAG (Plan d’Aménagement Général) verankert ginn fir nach weider a Kraaft ze sinn.
9) Remise en question du projet “LTA op Kréiwénkel” et du contournement Nord de la Ville de Diekirch par le nouveau gouvernement DP – LSAP – Déi Gréng (Enn 2013)
DP – LSAP – Déi Gréng Koalitioun: X. BETTEL (DP), E. SCHNEIDER (LASP), F. BAUSCH (Déi Gréng) [bp_2013]
10) Plan sectoriel paysage (27 juin 2014)
Den Terrain “op Kréiwénkel” ass net als “Zone d’importance particulière du réseau écologique” klasséeiert: d. h. et ass net prinzipiell verbueden op deem Terrain eppes ze bauen. [dat_2014]
11) Décisions du gouvernement (Conférence de presse du 17 juillet 2014)
Pressekonferenz vum 17 Juli 2014: D’Ministere C. MEISCH (DP), F. BAUSCH (déi gréng) an F. ETGEN (DP) stellen d’Decisioune vun der Regierung vir :
Decisioune vun der Regierung, a Stéchwieder:
- Den Nordstadlycée kënnt op Ierpeldéng
- Di nei Ackerbauschull kënnt op Gilsdrëf (lieudit “op Kréiwénkel”)
- D’ASTA, d’Laboen an d’Internat kommen an Dikrich selwer.
- D’Versuchsfelder kommen op Bettendrëf.
- De Staat garantéiert d’Sécherheet vun den Dikricher Drénkwaasserquellen.
- De Staat iwwerhëllt d’Sportshal an d’Schwämm vun der Stad Dikrich.
- D’Zentralachs tëschent Ettelbréck an Dikrich gëtt mat Buskorridoren aménagéiert.
- De Staat erneiert d’Ficellsbréck déi fir Busverkéier, Velo a Foussgänger reservéiert ass.
- D’Aarbichte fänken 2016 unn.
- Di nei Ackerbauschull soll fir d’Rentrée 2019 fäerdig sinn.
12) Réalisation du Rond-Point [bp]
13) Réalisation du projet “LTA op Kréiwénkel” [bp]
14) Panoramas du chantier “LTA op Kréiwénkel” [bp], [fkf]
15) Pose de la première pierre du “LTA op Kréiwénkel” [bp]
Verkehrssituation in Diekirch, Hotelschule, neue Ackerbauschule
Die Hotelschule (Diekirch) wurde wegen Platzmangel in die Region nahe Gilsdorf ausgelagert. Die Ackerbauschule (Ettelbruck) folgt nach, nahezu gleicher Standort, wenn auch auf der Höhe. Nun gibt es eine Eisenbahnverbindung zwischen der Hauptstadt Luxemburg und Diekirch, die alle volle Stunde bedient wird. Der Zug hält bis zur Rückfahrt nach Luxemburg 11 Minuten lang in Diekirch. Vorschlag: die alte Eisenbahnstrecke von Diekirch bis zur Mitte Diekirch/Gilsdorf sollte wiederbelebt werden (über die Ficellesbréck – Statik? – ). Die Bahn schafft das hin und zurück in diesen 11 Minuten. Und am Ende der Strecke soll ein Parkplatz für die Pendler aus Richtung Vianden/Echternach bzw. aus deutschen Grenzgebieten entstehen. Diese könnten dann ohne den Verkehrsfluss in Diekirch zusätzlich zu belasten, von der Mitte Diekirch/Gilsdorf bequem bis zur Hauptstadt mit der Eisenbahn fahren, ohne umsteigen zu müssen. Was Diekirch anbelangt, würde das Lycée classique in einem Zug mit der Hotelschule und der zukünftigen Ackerbauschule (Shuttlebus vom Endbahnhof bis zur Höhe) bedient werden. Das alles kostet Geld. Aber man bedenke: Die Tram in der Hauptstadt Luxemburg erlebt eine neue Renaissance, im Raum Erlangen-Nürnberg-Fürth wird eine Stadt-Umlandbahn gebaut, damit der stinkende Autoverkehr endlich zum Erliegen kommt.
Michel KLASEN