Schoultransport

interligne forcé

An der Gemengerotssitzung vum 19. Juli 2012 huet de Paul BONERT (CSV) am Numm vun der Oppositioun (CSV+DP+DG) eng Resolutioun virgestallt an där di 3 Oppositiounsparteien de Schäfferot opfuerderen de Schoultransport och weiderhinn gratis unzebidden. D’Vertrieder vun der CSV (Paul BONERT, Françoise KERGER, Jacques DAHM), der DP an Déi Gréng sinn nämlich der Meenung, dass di Taxe di de Schäfferot virhuet anzeféieren sozial ongerecht a juristisch bedenklich ass. An trotzdem huet d’LSAP-Majoritéit déi ëmstridden Taxe géint d’Stëmme vun der Oppositioun ugeholl.

Ob di Taxe vum Innenminister approuvéiert gëtt oder nët ass nach ze gesinn.

Op jidde Fall däerf déi Taxe nët verrechent ginn soulaang den Accord vum Minister nët virläit.

 

1) Wourem geet et ?

interligne forcé

De Wee vun de Schoulkanner aus dem enseignement fondamental ass zu Dikrich bis zu 1,6 Kilometer (Loftlinn) laang. Wann déi Kanner moies an nomëttes Schoul hunn an dertëschent an der Mëttesstonn och nach heem eesse ginn, hu si all Dag eng Streck vu 6,4 Kilometer ze goen oder mam Vëlo ze fueren.

Wéinst deem staarken an zéien Verkéier op den Haaptachsen duerch eis Stad si verschidde Strecken a Kräizunge besonnisch geféierlich (giel Stären). De gratis Schoultransport (blo Punkten) vun der Gemeng  huet di meest vun deene kritische Punkten vum Schoulwee neutraliséiert an di jéngst vun de Schoulkanner, fir déi de Schoulwee am geféierlichsten ass, konnte vun ënnen aus der Kléck, vum Ale Waasser, aus der Laach an aus der Sauerwiss séier a sécher an di nei Schoul hannert der Kiirch kommen. Et ass net fir näischt, dass an de letzte 6 Jar zu Dikrich keen Akzident um Schoulwee geschitt ass.


Et gëtt deemno kee gudde Grond, fir de Schoultransport zu Dikrich ofzeschafen.

An trotzdem huet den LSAP-Schäfferot an der letzter Gemengerotssitzung den 9. Mee 2012 ugekënnigt, d’Gemeng giff am Schouljar 2012-2013 kee Schoultransport méi organiséieren. « Si kënne jo dann mam Bummelbus fueren », sou dem LSAP-Buergermeeschter Claude HAAGEN säi knappe Kommentar.

Wann de Schoultransport ofgeschaf gëtt, da ginn d’Kanner net all zu Fouss a si fueren net all mam Velo an d’Schoul, mee si gi rëm gréisstendeels mam Privatauto op d’Kluuster gefouert. Dat ass awer net den Zweck vun der Übung !!! Och wann ee muss spueren, soll ee net op där falscher Plaz ufänken. Déi Suen déi de Schoultransport d’Gemeng Jar aus Jar an kascht, si gutt an d’Sécherheet an an d’Gesondheet vun eise Schoulkanner investéiert.

 

 

2) D’Meenung vun der CSV-Dikrich

 interligne forcé

  1. D’Weeër bis an d’Schoul sinn ënnerschiddlich laang an ënnerschiddlich geféierlich.
  2. All Schoulkand soll di selwicht Chance hunn, fir sécher an der Schoul a rëm doheem unzekommen.
  3. Di klengst vun de  Schoulkanner kënne sich net fräi a sécher am Spëtzeverkéier duerch d’Stad Dikrich bewegen.
  4. Och d’Kanner solle sich su vill wi méiglich bewegen, mä d’Sécherheet huet Prioritéit.
  5. D’Kanner mam Privatauto an d’Schoul  féieren ass zwar sécher, mä verursaacht onnéidig  zousätzlichen Autosverkéier.

Duerfir muss d’Gemeng  och an Zukunft ee frëndlichen a sécheren Schoultransport organiséieren a gratis ubidden.

 

3) De Schoultransport am Gemengerot vum 13 Juni 2012

interligne forcé

Am Numm vun der CSV-Fraktioun huet de Paul BONERT dem comité d’école Merci gesot fir seng exzellent Aarbicht an ugekënnigt seng Fraktioun giff di provisorisch technisch Schoulorganisatioun vum comité d’école selbstverständlich stëmmen. Virdru wollt heen awer nach vum Schäfferot wëssen, wéi et ëm d’Zukunft vum Schoultransport zu Dikrich géif stoen. Am Communiqué de presse hei hannendrun kënnt dir d’CSV-Interventioun an aller Rou noliesen:

 

Communiqué de presse (PDF)

interligne forcé
Séance du 13 juin 2012 du conseil communal de la Ville de Diekirch

Ad Punkt 1.   Organisation scolaire 2012/2013: Approbation de l’organisation technique provisoire
interligne forcé 

A)   Vorab möchte die CSV-Fraktion sich für die hervorragende Planungsarbeit des comité d’école unter Leitung von Präsident André SCHUMANN und in Zusammenarbeit mit dem zuständigen Schulinspektor Gérard ROETTGERS bedanken.
interligne forcé 

B)   In dem Maße wie der LSAP-Schöffenrat die Planungsvorlage des comité d’école eins zu eins übernimmt und zum Votum stellt, stimmt die CSV-Fraktion der technischen Schulorganisation vorbehaltlos zu.
interligne forcé 

C)   Die zusätzlich von der LSAP-Mehrheit vorgeschlagene Abschaffung des Schultransportes trifft bei der CSV-Fraktion sowohl auf Unverständnis als auch auf kategorische Ablehnung. Laut Aussagen des LSAP-Schulschöffen [nachzulesen im  Rapport vun der Kommissionssitzung vum 2. Mee 2012 vun der Commission scolaire et d’insertion de déficience] fördere der Schultransport die Fettleibigkeit der Schulkinder (1), er belaste in erheblichem Maße die Gemeindekasse (2) und schließlich sei er seit der neuerlichen Fertigstellung der Zentralschule überflüssig (3).
interligne forcé
1)    Mag sein, ein Teil der Schulkinder ist übergewichtig. Ob die Abschaffung des Schultransportes an der zur Volkskrankheit gewordenen Übergewichtigkeit – die übrigens nicht nur Schulkinder belastet – die hauptsächlich von falscher Ernährung und unangepassten Freizeitbeschäftigungen herrührt, auch nur einen Hauch ändern kann, erscheint uns mehr als fraglich. Ferner steht die vom LSAP-Schulschöffen angeprangerte Fettleibigkeit zur Zeit nicht im Vordergrund, sondern die Sicherheit bzw. die Unsicherheit des Schulweges.
 interligne forcé

  • Der Fettleibigkeit der Schulkinder kann man nur Herr werden indem man die Ernährungskultur der Eltern verändert und sowohl Eltern als auch Kinder ermuntert sich sportlich zu betätigen und dies sowohl im Rahmen des offiziellen Schulprogramms als auch außerhalb dessen.
    interligne forcé 
  • Die aktuelle Unsicherheit des Schulweges hingegen kann man nur umgehen indem man den Schulkindern einen sicheren Transport zur Schule und nach Hause anbietet. Eine definitive Absicherung des Schulweges wird nur dann erfolgen wenn die automobile Belastung des innerstädtischen Verkehrsnetzes durch den Bau der überfälligen Umgehungsstraße Nord vermindert wird.

interligne forcé
2)    Mag sein, der Schultransport belastet die Gemeindekasse. Es steht außer Zweifel, dass in Zeiten internationaler und nationaler Finanzkrisen die Gemeinden ebenfalls sparen müssen. Nur, bei der Sicherheit der Schulkinder sparen zu wollen, erscheint uns doch der falsche Ansatz zu sein. Gerade die Sicherheit der Kinder ist jeden Euro wert, den die Allgemeinheit hierfür aufbringt.
interligne forcé
3)    Mag sein, die Zentralschule liegt im Zentrum der Stadt. Dennoch beträgt die Entfernung der Zentralschule zur Gemeindegrenze 1,6 Kilometer in der Kléck oder 1,5 Kilometer in der Gilsdrëfferstrooss (Luftlinie). Dies ergibt eine täglich zurückzulegende Distanz von maximal (4 x 1,6 =) 6,4 Kilometern. Offensichtlich ist eine derartige fast tägliche physische Belastung Kleinkindern nicht zuzumuten.

 

Im Idealfall begleiten die Eltern Kleinkinder zu Fuß oder mit dem Fahrrad zur Schule. Die Realität ist aber eine andere. Der Arbeitstag berufstätiger Eltern beginnt oft vor dem Schulbeginn und die Kinder sind gezwungen den Schulweg alleine in Angriff zu nehmen und zu bewältigen. Andernfalls werden die Schulkinder mit dem Automobil zur Schule gebracht in der Absicht sie weder den Gefahren des Verkehrs noch den Unannehmlichkeiten unbeständiger Witterungsbedingungen auszusetzen. Es macht keinen Sinn auf einem imaginären Idealzustand zu beharren und an den sozio-familiären Tatsachen vorbei zu planen und zu entscheiden. Der öffentliche freie Schultransport ist mit Sicherheit die beste aller derzeit möglichen Alternativen.

interligne forcé
Die Meinung der CSV:

1)   Alle Schulkinder haben gleiches Anrecht auf einen sicheren Schulweg.
2)   Kleinkinder sind außer Stande sich frei und sicher im Spitzenverkehr zu bewegen.
3)   Auch Kinder sollten sich sportlich betätigen, die Sicherheit ist aber vorrangig.
4)   Privater Transport der Schulkinder bringt zusätzlichen privaten Automobilverkehr.

interligne forcé
Die CSV fordert:

1)   Beibehaltung des Schultransports in seiner jetzigen Form und Ausführung.
2)   Absicherung des innerstädtischen Schulweges durch Entlastung der automobilen Transitwege.
3)   Unverzüglicher Bau der Umgehungsstraße Nord

und als begleitende Maßnahmen:

4)   Förderung der schulischen und außerschulischen sportlichen Betätigung.
5)   Vermitteln von Basiskenntnissen in Sachen Hygiene und Ernährung im Rahmen des  Schulprogramms.
6)   Unterstützung der Vorbeugemaßnahmen und Vorsorgeuntersuchungen der Schulmedizin.

 

interligne forcé

interligne forcé

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

2 Responses to “Schoultransport”

  1. csv_dk

    Merci fir däi Kommentar, Lisa.
    Bis elo steet just fest, dass de Schoultransport nët ofgeschaaft gëtt, … ënner anerem well d’CSV-Fraktioun an nach aner Dikricher Leit (Association des parents d’élèves, Elteren déi eng Petitioun lancéiert hun, etc) sich fir ee frëndlichen, sécheren a gratis Schoultransport agesat hun. Iwwer di genau Modalitéiten (Trajet, Taxe, Tickets, Cartes d’abonnement, etc) vum Schoultransport 2012-2013 gëtt awer réicht an där nächster Gemengerotssitzung diskutéiert an ofgestëmmt. Mir kommen nach eng Kéier dorop zréck.

  2. Lisa CALCAGNITI-CASERTANO

    Jo daat wor natierlech gudd vun der CSV datt se fir den Schoultransport ass….Mir Elteren kennen dach net Kanner alleng an d’Schoul goen loossen (meng hun 5 an 8 Joer) an e Velo kennen d’Elteren hautesdaags och net emmer kaafen (ech perséinlech hun och keen Velo). Mir wunnen an der Tirelbaacherstrooss (nei Strooss bei der Gilsduerferstrooss) an et ass schon e Wee fir schons nemmen bei Ponts & Chaussées ze goen. Hun och schons eng Ufro un d’Gemeng gemeet fir dass den Bus e beschen mei fier stoe bleiwt (z.b. wann de Bus vun der Clairefontaine kennt kéint en jo direkt an der Gilsduerferstrooss stoen bleiwen an all déi Kanner déi do wunnen schons mathuelen an dann bei der Laach stoen bleiwen). Hun natierlech keng Antwert kritt. Mai bon wann den Schoultransport fonktionnéiert sin mir Elteren jo frou doriwer.. Elo wellen se jo dass mer och eppes dofir bezuelen! affaire à suivre…..

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.