Elections communales

In Memoriam Nico MICHELS

  Mir hunn di traurig Flicht, den Doud vun eisem laangjärige Komiteesmember a President, dem Nico MICHELS matzedeelen. Den Nico war Member vum Dikricher Gemengerot vun 2000 bis 2008 a Buergermeeschter vun 2006 bis 2008. Mir verléiere mam Nico een engagéierten Enseignant, ee wäitsiichtige Politiker an ee gudde Frënd. Dat alles ass awer näischt am Verglach mat deem Leed, wat dem Nico säin onerwaarten Doud fir ...

Weider liesen

Assermentation du Conseil communal

  E Freidig, de 17. November 2017 ass deen neien Dikricher Gemengerot vum Buergermeeschter vereedigt ginn. D’CSV ass am neie Gemengerot mat 4 Konselljeeë vertrueden: Paul BONERT, Françoise KERGER, Robert BOHNERT a Charles WEILER. De Schäfferot war schonn di  Woch virdru vum Innenminister verdeedigt ginn. Merci dem Françoise KERGER (2/31), dem Paul KELTESCH (6/31)  an dem Paul BONERT (23/31) fir ...

Weider liesen

CSV Dikrich & CSV Ettelbréck

  D’CSV-Kandidate vun Dikrich an Ettelbréck-Waarken hu sich getraff fir ee gemeinsamt Nordstad-Kapitel auszeschaffen.   Fir Ettelbréck hu matgeschaft: Jean-Paul SCHAAF Viviane DICHTER Luc RASQUI Lucien RENCKENS Paul SOLVI   Vun Dikrich ware präsent: Paul BONERT Pit DAHM Dan KNEIP Jean-François STEICHEN Charles WEILER Pit WINANDY      

Weider liesen

CSV Dikrich an Ettelbréck

  D’CSV Kandidaten vun Dikrich an Ettelbréck hu sich bei engem gudde Maufel a Patt getraff. Frëndschaftlich, lëschtig an häerzig Ambiance. A refaire. Ofwiesselnd zu Dikrich, zu Ettelbréck oder ...

Weider liesen

Liste CSV Dikrich

  De Compte-rendu vun der Assemblée générale extra-ordinaire vun der CSV Dikrich, de 6. Abrëll 2017 am Festsall vum Dikricher Kolléisch, an där d’Lëscht virgestallt an eestëmmig ugeholl gouf, ...

Weider liesen

CSV Dikrich – Assemblée générale extra-ordinaire

  Text: Paul BONERT Photos: Jules BONERT, Jacques DAHM Presentatioun: Paul BONERT (keynote)   De 6. Abëll 2017 hat di Dikricher CSV-Sektioun eng ausseruerdentlich Generalversammlung aberuff, fir di 13 CSV-Kandidate fir d’Gemengewahlen vum 8. Oktober 2017 virzestellen an iwwer d’Lëscht ofzestëmmen. De Sektiounspresident Paul BONERT huet d’Memberen, d’Eieregäscht Martine HANSEN ...

Weider liesen

CSV Ettelbréck-Waarken, AG an Diskussiounsowend

  Fir den 31. Mäerz ware mir op d’AG vun der CSV Ettelbréck-Waarken an op een Diskussiounsowend mam Claude WISELER, President vun der CSV-Fraktioun, invitéiert. Eng Dozen Membere vun der Dikricher CSV-Sektioun, Paul BONERT, (President), Jos. WEBER (Sekretär), Jules BONERT (Trésorier), Françoise KERGER (Konselljee), Jacques DAHM (Konselljee), Robert BOHNERT, Charel WEILER, Jean-Jacques SCHAEFFER, Michèle ...

Weider liesen

Nationalkongress 2017 zu Ettelbréck

  Den 25. Mäerz 2017 war an der Däichhal zu Ettelbréck den Nationalkongress vun der CSV. D’Edmée JUNCKER, Presidentin vun der CSV-Ettelbréck – Waarken huet d’Éieregäscht an di vill d’CSV-Memberen aus dem ganze Land begréisst är de Parteipräsident Marc SPAUTZ de Kongress opgemaach huet. Fir d’éischt gouf de Kongressbüro agesat mam Jean-Paul SCHAAF, Buergermeeschter vun Ettelbréck, als ...

Weider liesen

CSV-Lancement 2016

  Ganz vill CSV-Memberen aus bal alle Gemengen haten  de Wee op de Lancement zu Mënsbich fonnt. E Lancement, dee ganz am Zeeche vun de Virbereedunge vun de Gemengewahlen 2017 stung. Esou huet den CSV-Generalsekretär Laurent ZEIMET de Sektiounen e Vademecum an e ganze Service-Package virgestallt, vun deem d’Sektioune profitéiere kënnen. De President vun den CSG (Chrëschtlech-Sozial Gemengeréit) Claude CLEMES ...

Weider liesen