CoCoNoS

 

oder Comité de Coordination CSV NordStad

 

Screen Shot 2013-09-03 at 21.29.06

An der Mëtt di 6 Nordstadgemengen: Kolmer, Schiren, Ettelbréck, Ierpeldéng, Dikrich, Bettendrëf
 Ronderëm d’Nordstadrandgemengen: Mäertzig, Feelen, Buurschend, Tandel, Reisdrëf, Äernzdall, Noumer, Biissen 

 

Screen Shot 2013-12-25 at 02.10.38

 

1) Wat ass de CoCoNoS ?

Den 27. August 2013 ass de Comité de coordination Nordstad, alias CoCoNoS, gegrënnt ginn: De CoCoNoS soll d’Aktivitéite vun der CSV an der Nordstad  koordinéieren. De Moment gehéieren d’CSV-Sektioune vun Dikrich a vun Ettelbréck deem Gremium un. An den nächste Wochen a Méint wäerte mir och mat deenen aneren CSV-Sektiounen aus der Nordstad Kontakt ophuelen.

An enger 1. Phase sollen d’CSV-Memberen aus de 6 Nordstadgemengen an deem Gremium zesummen diskutéieren an zesumme schaffen fir hir politisch Aktivitéit an hiere jeweilige Gemengen openeen ofzestëmmen.

An enger 2. Phase sollen och CSV-Vertrieder vun den Nordstad-Randgemengen, déi deelweis lo schon un d’Nordstad ugebonne sinn, wéi z.B. an dem Office social régional Nordstad oder OsNoS, an de CoCoNoS opgeholl ginn.

Fir dee Groupe an e geregelte Kader ze stellen, huet de CoCoNoS sich Statuten a Form vun enger Konventioun  ginn, déi provisorisch vun de Vertrieder vun den aktuellen 2 Membergemengen, Dikrich an Ettelbréck ugeholl gi sinn.

Hei fannt Dir di provisorisch Statute vum CoCoNoS / CoCoNoS-Konventioun

 

2) Aktivitéite vum CoCoNoS

 

Di nei stinn uewen, di al stinn ënnen

  1. Neijarspatt an der Nordstad (8. Januar 2018)
  2. Entrevue CSV-Dikrich & CSV- Ettelbréck-Waarken (03.07.2017)
  3. Neijarspatt 2017 zu Dikrich (10. Januar 2017)
  4. Bleift d’Kierch am Duerf ? zu Dikrich (23. März 216)
  5. Neijarspatt 2016 zu Ettelbréck (5. Januar 2016)
  6. “Op de Punkt” vun der Nordstad 2015-10
  7. Kierchentour
  8. Comité / Tour iwwer di Ettelbrécker Kiermes (22. Juli 2015)
  9. ZANO-Update zu Branebuerg (4. Mäerz 2015)
  10. Neijarspatt zu Dikrich (5. Januar 2015)
  11. “Op de Punkt” vun der Nordstad 2014-12
  12. Organisatioun vum CSV-Familljefest (27. Abrëll 2014)
  13. Visite vum Europaparlament mam Frank ENGEL (16. Abrëll 2014)
  14. Visite vum Mettis zu Metz (16. Abrëll 2014)
  15. “Op de Punkt” vun der Nordstad 2014-3
  16. fb-Seminar zu Dikrich (27. Januar 2014)
  17. Neijarspatt zu Ettelbréck (13. Januar 2014)

 

Screen Shot 2013-11-22 at 01.28.09

 

One Response to “CoCoNoS”

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.