interligne forcé
interligne
Compte-rendu vun der Gemengerotssitzung vum 19. Mee 2011 am Däiwelselter 2011-2
forcé
1) Konzept
interligne forcé
D’Coursë vum Conservatoire de Musique du Nord (CMN) ginn de Moment op 8 verschidde Plazen an Dikrich gehalen. Well d’Sauerwissschull seit der Ouverture vun där neier Zentral-Schull hannert der Kiirch net méi gebraucht gëtt ,sollen all d’Musiksstonne vum Conservatoire de Musique du Nord um Site vun der Sauerwissschull konzentréiert ginn. Di aktuell Gebaier vun der Sauerwissschull sollen ëmgebaut ginn, a fir den Danz an di Modern Musik sollen 2 nei Gebaier opgeriicht ginn.
interligne forcé
interligne forcé
2) Timeline
interligne forcé
De Moment ass d’Sauerwissschull nach un de Nordstadlycée verlount, deen ouni d’Gebai an der Sauerwiss net genuch Schullsäll hätt fir d’Schüler all ënner Daach ze kréien. Dee Kontrakt leeft bis 2016. Duerno kënnen d’Ëmbauaarbichten ufänken. Ab 2020 kéint dee ganze Site Dikrich vum Conservatoire de Musique du Nord – ausser den Uergelcoursen, déi an der Aler Kiirch bzw. an der Dekanatskiirch wäerte bleiwen – an der Sauerwiss funktionéieren.
interligne forcé
Di Zäit bis 2016 soll genotzt ginn, fir de Projet am Detail ze finaliséieren, dass en ab 2016 direkt kann ëmgesat an 2020 kann ofgeschloss ginn.
interligne forcé
Projet CMN – Sauerwissschull, Version 2010, Légende: AD = administration, CM = culture musicale (cours collectifs), FI = formation instrumentale (cours individuels), EN = ensembles (cours collectifs), DA = danse (cours collectifs), MM = musique moderne (cours individuels), FO = orgue (cours individuels)
interligne forcé
interligne forcé
3) Projets connexes
interligne forcé
Wann de Conservatoire 2020 sich an der Sauerwiss installéiert huet, kënnen di aner Gebaier an deene bis dohin d’Course waren, ëmgebaut ginn. Sou soll am WIRTGENs-Schlass de Service culturel vun der Gemeng an d’Direktioun, d’Atelieren an d’Reserve vum Musée d’Histoire[s] Diekirch (MH[s]D) ënnerbruecht ginn. Di fréier Regionalschull soll als Veräinshaus ageriicht ginn, mat – ënner anerem – engem grousse Proufsall fir d’Stadmusik.
interligne forcé
interligne forcé
4) Projet CMN – Sauerwissschull Versioun 2010
interligne forcé
Mir weisen hei hannendrun d’Präsentatioun, déi den deemolige Kulturschäffen Paul BONERT zesummegestallt hat fir dem Gemengerot d’Versioun 2010 vum Projet “CMN – Sauerwissschull” virzestellen. Do gesitt Dir wat den CSV-déi gréng Schäfferot sich mam Büro “Architecture & Environnement” – deen iwwrigens schonn d’Sauerwissschull gebaut hat – ausgeduecht hat, fir dem Conservatoire de Musique du Nord – Site Dikrich an Zukunft Lokalitéiten unzebidden, déi musik-pädagogisch a sécherheets-technisch um letzte Stand sinn.
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
interligne forcé
Hei fannt Dir d’Präsentatioun am pdf-Format: CMN-Sauerwiss 2010-10-13 Vs 2012-05-17