Ëmweltpräiss

 

1)   Wat ass den Dikricher Ëmweltpräis ?

Den 18 Abrëll 1988, huet de Paul BONERT, deemolige Präsident vun der Ëmweltkommissioun de Kommissiounsmembere proposéiert een Ëmweltpräis oder Prix de la Ville de Diekirch pour la Conservation du Patrimoine Naturel ze schafen. D’Reglement wat de Präsident ausgeschafft hat ass eestëmmig ugeholl ginn.

 

2)   Reglement vum Dikricher Ëmweltpräis

Hei fannt Dir d’Reglement vum Prix de la Ville de Diekirch pour la Conservation du Patrimoine Naturel:

 

Reglement 1988-04-18

 

Sou wi den Artikel 16 et virgesäit an op Virschlag vun der CSV gëtt de Montant fir de Präis 2013 deen 2014 verdeelt gët vun 350 € op 500 € ropgesat.

 

3)  Dikricher Ëmweltpräis 1988-2016

Dësen Tableau weist eng Oplëschtung vun de Lauréate vum Dikricher Ëmweltpräis.

Am Fall wu keng Kandidatur virlouch ass de Präis net verdeelt gin (non attribué), sou z. B. 1991, 1994, 1995, 1996, 1998, 2005, 2007, 2008, 2009, 2010, 2011, 2012 an 2015.

 

Screen Shot 2016-01-25 at 23.05.02

 

4)  Den 1. Dikricher Ëmweltpräis 1988

Den 1. Dikricher Ëmweltpräis kritt 1988 eng Klass aus dem Dikricher Kolléisch, d’IIIe C2, fir d’Etude vun der Flora laanscht d’Uwänner vun der Sauer am Park, déi si ënner der Leedung vun hirem Biologieprofesser Jacques DAHM duerchgefouert hunn. D’Präisiwwerreechung war an der Holdär.

 

Screen Shot 2015-07-31 at 23.54.41

Iwwerrechung vum 1. Ëmweltpräis 1988 an der Holdär: (L>R) Jacques DAHM (Biologieprofesser vun der IIIe C2 vum Kolléisch, Fernande MOLITOR-COSTER, (Presidentin vom Syndicat d’Initiative et du Tourisme Diekirch), Robert BOHNERT (Schäffen), Paul BONERT (Gemengerot a President vun der Ëmweltkomissioun)

 

5)  Dikricher Ëmweltpräis 2013

Den Dikricher Ëmweltpräis 2013 geet un d’Famill HOFFMANN-GRUEN fir hiere Projet HOFFMANNs Haff dee si tëschent 2003 an 2013 ëmgesat hunn.

 

2013-04-25 Prix de la Ville de Diekirch pour la Conservation du Patrimoine Naturel 563 of 3
Famill HOFFAMNN-GRUEN, Laureat vum Dikricher  Ëmweltpräis 2013 [bp_2013]

 

Screen Shot 2013-05-09 at 21.08.502004                                              2005                                               2006

 

Scan

 

Niewent dem Ëmbau vum Haff STEINLEIN zum HOFFMANNs Haff huet d’Famill HOFFMANN-GRUEN folgeng Projete réaliséiert:

Screen Shot 2013-05-10 at 21.31.12

 

 Hei nach de Link op den Artikel vum Armand WAGNER am WORT

 

6)  Dikricher Ëmweltpräis 2014

Den Dikricher Ëmweltpräis 2014 geet un den Dikircher Beierveräin fir seng Verdéngschter am Ëmweltberäich.

 

IMG_2460 - Version 2

Iwwerreechung vum Emweltpräiss 2014 un den Dikricher Beieveräin: (L>R) Françoise KERGER (Gemengerot), Antonio PRETTI, Frank THILLEN (Gemengerot), René KANIVE (Schäffen), Carlo SCHMITZ, Jacques DAHM (Gemengerot), Pierre MEYER (Präsident vum Beierveräin), René FEDERSPIEL (Commissaire de Police), Marc FELTEN, René BLUM (Gemengerot) [Foto: Serge SCHOLTES, VD]

 

7)  Dikricher Ëmweltpräis 2016

Den Dikricher Ëmweltpräis 2016 geet un de Veräin Gaart an Heem Dikrich fir hir Aktivitéiten am Jugendberäich. D’Präisiwwerreechung war am Stadhaus.

 

Dk Ev 2016-01-25 Prix pour la Conservation du patrimoine naturel 2015 - 2016-01-25 @ 20-02-56 - Version 2

Iwwerreechung vum Dikricher Ëmweltpräis 2016 am Stadhaus un de Veräin Gaard an Heem Dikrich: (L>R) Tom SAUBER (Member vun der Commission du développement et de l’environnement), Pierre MEYER (Member vun der Commission du développement et de l’environnement), René BLUM (Gemengerot, President vun der Commission du développement et de l’environnement), Corneille ANSAY (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Carlo SCHMITZ (President vu Gaard an Heem Dikrich), Claude HAAGEN (Buergermeeschter), Marie Louise HERMES (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Jacques DAHM (Gemengerot, Sekretär vu Gaard an Heem Dikrich), Maisy FABER (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Bernard THIBEAU (Member vu Gaard an Heem Dikrich), Françoise KERGER (Gemengerot, Member vun der Commission du développement et de l’environnement), Paul BONERT (Gemengerot) [Foto: Paul KELTESCH, VD] CSV-DIKRICH_2013 300dpi

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.