Immeubles classés

 

1)  Wourëm geet et ?

Et geet drëm, Gebaier oder Siten, déi fir d’Allgemengheet een historischen, archeologischen, artistischen, esthetischen, wëssenschaftlichen, technischen oder industrielle Wäert hunn ze versuergen an ze schützen. An Dikrich huet de Service des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) ronn 200 Haiser a Siten repertoriéiert di senger Meenung no sollen erhalen a geschützt ginn.

 

Screen Shot 2013-05-13 at 00.53.01Di Al Kiirch [bp_2013] an d’Stadhaus [bp_2008], fréieren Hôtel Beau-Site, sinn als Monument National klasséiert

 

2) Prozedur

Gesetz vum 18 Juli 1983: Loi concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux

  1. D’Commission des Sites et Monuments nationaux, eng Gemeng oder eng Privatpersoun kënne virschloen ee bestëmmt Gebai oder Saach als Nationalmonument ze klasséieren.
  2. De Propriétaire kann een Avis iwwert de Klassement vu senger Proprietéit déi soll klasséiert ginn ofginn.
  3. D’Gemeng soll besonisch zum urbanistischem Kontext vum Immeuble dat soll klasséiert ginn hir Meenung soen.
  4. De Kulturminister proposéiert an d’Regierung decidéiert ob  klasséiert gëtt oder net.
  5. Weder den Avis vum Propriétaire nach dee vun der Gemeng si bindend.
  6. De Propriétaire huet e Recht op Recours géint d’Décisioun vun der Regierung.
  7. Ee klasséiert Gebai däerf net ouni d’Zoustëmmung vun der Commission des Sites et Monuments nationaux verännert ginn, weder baussen nach bannen.
  8. De Staat bedeeligt sich un den Restauratiounskäschten.
  9. D’Gesetz gesäit och eng ëmgekéiert Prozedur vir: Déclassement vun engem Monument national

 

Screen Shot 2013-05-13 at 01.08.21Reamenagement vum Stadhaus (Accord Commission des Sites et Monuments nationux) [Projet CSV-dg 2010].

interligne

3)  Erhalenswert Gebaier an Denkmalschutzkriterien (SSMN_2008)

Folgend Tableaue resuméieren d’Prinzipien vum modernen Denkmalschutz, déi och vum Service des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) säit 2009 applizéiert ginn.
Di integral Versioun vum Text deen dozou passt fannt Dir op folgender Adress:

auf Deutsch:  D-Kriterien für erhaltenswerte Kulturgüter

en français:    F-Critères pour le patrimoine culturel à conserver

 

Screen Shot 2013-05-18 at 00.22.10

 

4)  Klasséiert Gebaier zu Dikrich (Stand: 18-04-2013)

Screen Shot 2013-05-12 at 02.54.24

 

5)  Prozeduren

Folgend Gebaier – Sozialwunningen vun der Société Nationale des Habitations à Bon Marché oder SNHBM) – sollten op Initiative vun dem Service des Sites et Monuments Nationaux (SSMN) klasséiert ginn:

  1. 36, rue MULLER-FROMES (Foto lénks)
  2. 1, rue Dr MAMBOURG (Foto lénks)
  3. 34, rue MULLER-FROMES (Foto rechts)
  4. 2, rue Dr MAMBOURG (Foto rechts)
  5. 13, rue des Fleurs

 

r. Muller-Fromes 036 - 3 - 2013-01-20 @ 15-59-31r. Muller-Fromes 034 - 3 - 2013-01-20 @ 15-59-51
     L>R:  36, rue MULLER-FROMES; 1 rue Dr MAMBOURG;  2, rue Dr MAMBOURG (démoli en 2014); 34, rue MULLER-FROMES (démoli en 2014)

 

Am Dezember 2013 huet de Buergermeeschter ee permis de démolition  fir di 5 Gebaier ausgestallt an den SSMN an d’SNHBM iwwert seng Decisioun informéiert. D’CSV-Deputéiert Marco SCHANK an Octavie MODERT hunn doropshin eng Question Parlementaire un den zoustännige Minister gestallt, an dësem Fall d’Madame Maggy NAGEL (DP), Ministesch vun der Kultur a Ministesch vum Wunningsbau.

D’Madame NAGEL huet decidéiert 1 vun deene 5 Gebaier ze erhalen an ze restauréieren. Di aner 4 ginn ofgerappt.

D’Verwaltungsgeriicht huet am Dezember 2015 d’Decisioun vun der Kulturministesch Maggy NAGEL annuléiert. Leider sinn 2 vun de 4 condannéierte Gebaier zu deem Zäitpunkt schonn ofgerappt. 

 

 Screen Shot 2016-01-06 at 01.14.05Decisioun vun der Madame NAGEL vum Februar 2014: Haus N° 13 (rout) bleift erhalen an d’Haiser N° 1, 2, 34 et 36 (blo) kënnen ofgerappt ginn. D’Haiser N° 2 et 34 (blo mat engem roude Kräiz) sinn am Laf vun 2014 ofgerappt ginn. “Ein architektonisches Ensemble, das als solches ein authentisches und seltenes Zeugnis von der Sozialgechichte des Landes, insbesondere in dieser Region, ablegt” wurde unwiderruflich zerstört. (Stand 2016-01-05_bp)

 

6)  Problemer vum Denkmalschutz

Um Beispill vun de SNHBM-Sozialwunningen (Société Nationale des Habitations à Bon Marché oder sougenannte “Billige Wohnungen”) an der rue MULLER-FROMES – rue Dr MAMBOURG weist sich de ganzen Dilemma vum modernen Denkmalschutz: Bei deene meeschte Gebaier di kënnten oder sollte klasséiert ginn, gëtt et ëmmer gutt Grënn, fir se ze erhalen a grad su oft net manner gutt Grënn, fir se of ze rappen.

 

7)  Presse-Revue (Stand 2016-10-18)

Hei fannt Dir den Artikel vum Tagblatt vum 16. Mee 2013, e polemischen Artikel deen der Saach net op de Fong geet(Transkriptioun; pdf).

Kuckt och den Artikel am Tageblatt vum 3. November 1941, een Zäitdokument iwwert de Bau vun den Dikricher Sozialwunningen am Krich (Transkriptioun; pdf).

Zu där Thematik gëtt et och ee bëssigen Artikel am Land vum 24. Mee 2013 (Véronique POUJOL).

Dozou gëtt et och nach eng Äntwert vum Här Patrick SANAVIA, Direkter vum SSMN.

Ee weideren Artikel zu deem Thema op paperjam.lu (Véronique POUJOL).

Paperjam.lu verréit d’Decisioun vun der Kulturministesch M. NAGEL  (Véronique POUJOL) (Transkriptioun; pdf).

Artikel am Wort vum 5. Januar 2015 iwwert d’Uerteel vum Verwaltungsgeriicht wat d’Decisioun vun der Kulturministesch M. NAGEL annulléiert. (John LAMBERTY) (Scan; pdf)

Artikel am Wort vum 18. Oktober 2016 iwwerschriwwen “Preisverleihung mit Protestcharakter” (John LAMBERTY) (Scan;  pdf) 

 

8)  Denkmalschutz am PAG vun 2015

Relevé topographique des immeubles du PAP_QE (Plan d’Aménagement Particulier “Quartier Existant”) dignes de protection communale (immeubles marqueés en rouge) et nationale (parcelles portant des immeubles marqués en violet)  selon le Service des Sites et Monuments Nationaux (SSMN).

La liste des immeubles dignes de protection communale telle que proposée en bébut de procédure d’adaptation du PAG connaîtra des modifications suite aux objections formulées par les propriétaires ainsi qu’aux décissions y afférentes prises par le conseil communal et entérinées par le ministère de l’intérieur.

 

Screen Shot 2015-10-24 at 21.08.02

Proposition de relevé topographique des immeubles du Plan d’Aménagement Particulier “quartier existant” dignes de protection communale (pdf)

(Version non définitive)

 

 

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

 

3 Responses to “Immeubles classés”

  1. csv_dk

    D’Argumentatioun vum SSMN war fundéiert a korrekt. Si einfach ignoréieren an ouni Géigenargument dogéint ze entscheeden ass en Zeeche vu Willkür an Inkompetenz.

    Den SSMN hat virgesinn och d’Haus CRAVATTE ze klasséieren. Leider ass et net méi dozou komm an de Buergermeeschter hat keen anere Choix wi d’autorisation de démolir an d’autorisation de bâtir ze gin, well de Projet zu 100 % dem Bebauungsplang an dem Bautereglemnt vun deemools entsprach huet.

    An och hei ass et leider méi rentable eent aalt Haus (unifamiliale) ofzerappen an een neit (résidence a appartements) ze bauen wéi een aalt Haus an d’Rei ze setzen

  2. Pierre Dillenburg

    Et ass batter schued datt déi 5 Gebeier an d’Beem net erhale goufen. Et goufe schons genuch Bausënnen zu Dikkrich gemaach wou geschwënn an der ganzer Stad null Harmonie méi ass. cf dat grujjelegt Gebai op der Plaz vun dem fréieren Haus Cravatte. Wéi konnt ee fir esou eng Horreur eng Baugeneemigung gin?

    Dill

  3. csv_dk

    Et ass bekannt, dass déi Gebaier an der rue MULLER-FROMES, an der rue Dr MAMBOURG an an der rue des Fleurs, déi de Service des Sites et Monuments nationaux (SSMN) proposéiert huet ze klasséieren, am 2. Weltkrich vun der däitscher Zivilverwaltung gebaut gi sinn (Artikel am tageblatt vum 3. November 1941) . Et ass awer sécher net deen Detail, dee bei der Iwwerleeung vum SSMN ausschlaggebend war. An der Begrënnung vum SSMN geet Rieds vun engem harmonischen Wunnensemble mat Grengflächen dee repräsentativ fir de sozialen Wunningsbau aus där Zäit ass an deen och nëmmen als kohärenten Ensemble sollt erhale bleiwen.

    D’Société nationale des habitations à bon marché, kuerz SNHBM – aktuelle Propriétaire vun de Wunningen – huet jo wëlles déi Gebaier all ofzerappen an duerch nei a méi Sozialwunningen ze ersetzen.

    Problematisch gëtt et – an dat war jo och däitlich bei der Ofstëmmung am Gemengerot ze gesinn – wann duerch de Klassement vun de Gebaier et net mi méiglich sollt sinn op där Plaz Sozialwunningen ze behalen, ze sanéieren an eventuell auszebauen.

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.