Ciné SCALA an der Jang de Blanne-Strooss [bp_2004]
1) Wourëms geet et ?
2005: Säit méi wi 50 Jar ginn am Ciné SCALA an der Jang de Blanne-Strooss zu Dikrich Filmer gespillt: de SCALA huet 1 Sall mat 138 Plazen an zielt 6.000 bis 12.000 Visiteuren d’Jar, d’Projektiounsanlag an d’Sonorisatioun goufe regelméissig erneiert. D’Gemeng bedreift dee Kino selwer an Zesummenaarbicht mat dem CDAC (Centre de Diffusion et d’Animation Cinématographique). Déi Leit déi sich ëm d’Programmatioun an Projektioun këmmere si begeeschtert vun hierer Aufgab déi si mat vollem Asaz erfëllen. Ee grousse Merci duerfir dem Nadine, dem Carlo an der ganzer Equipe.
2013: D’Gebai vum Ciné SCALA gouf am Jar 2010 als Monument National klasséeiert a misst allerdings dringend an d’Rei gesat ginn, fir dass op d’Mannst di elementaarst Sécherheetsvirschrëfte kënnen agehal ginn. Fir de Kinobetrib kënne virun ze féiere missten deemno gréisser Zommen an dat aalt Gemaier investéiert ginn. Well dat sich net rentéiert muss iwwer kuerz oder laang ee neie Kino – am Beschten een Nordstad-Kino an am Beschten hei zu Dikrich – opgeriicht ginn.
2) Fakten an Optiounen (2005)
- Et besteet een allgemenge Konsens, dass een attraktive regionale Kino zu Dikrich soll funktionéieren.
- De Ciné SCALA kann net op laang Sicht an där aktueller Form weider gefouert ginn.
- Een neie Kino muss op der Basis vu realistische Perspektive geplangt an exploitéiert ginn.
- Sou laang deen neie Kino net steet, muss de SCALA weiderlafen.
- Realistisch Perspektive sinn: ± 30.000 Visiteuren d’Jar verdeelt op
- Maximal 2 -3 Säll, ee gréissere Sall vun 200 – 300 Plazen an ee klenge Studio vun 50 – 100 Plazen.
- Deen neie Kino zu Dikrich soll zentral leien a wa méiglich no un engem ëffentliche Parking an
- D’Méiglichkeet eppes ze drénken oder/an z’eessen soll och am oder ronderëm de Kino bestoen.
3) Projet 2005
Enn 2005 hat di deemolig LSAP-dominéiert Majoritéit wëlles ee neie Kinoskomplex mat 4 Säll a 715 Plazen hannert der Aler Seeërei anzeriichten deen op 60.000 Visiteuren d’Jar ausgeriicht war. D’Investitiounskäschte fir di technisch Installatioune luchen bei der Gemeng an d’Exploitatioun sollt vun där Firma gemaach ginn, déi d’Konzept ausgeschafft an d’Rentabilitéitsberechnunge gemaach hat: CARAMBA, déi selwicht Firma déi och de Kino zu ESCH-BELVAL konzipéiert an exploitéiert huet, … bis dass si Faillite gemaach huet.
Projet 2005:
Lénks: Bürosgebai, sollt aplaz vun der jetziger Ersatz-Gemeng gebaut ginn, private Projet, gouf net realiséiert
Rechts: Kinoskomplex, sollt laanscht di fréier MAPRE gebaut ginn, den Equipement sollt d’Gemeng finanzéieren
Projet 2005:
4 Säll mat insgesamt 715 Sëtzplazen fir 60.000 Visiteuren am Jar
60.000 Visiteuren am Jar bedeit, dass all Dag 164 Leit mussen op Dikrich an de Kino kommen. An deem Fall wär de SCALA mat sengen aktuellen 138 Plazen all Dag bis op de letzte Stull besat an et missten nach all Dag 26 Leit heemgeschéckt ginn. Déi Erwaardunge sinn op laang Siicht absolut onrealistisch an utopisch.
4) Projet 2013: Konventiounen
4.1) Cession d’un droit de superficie (2013-04-24)
D’Basis vum Projet 2013 ass eng Konventioun (Cession d’un droit de superficie), déi d’Gemeng mat enger Gesellschaft mécht an déi folgendermoossen ausgesäit:
- Dee neie Kino kënnt op de Site “Al Seeërei”.
- D’Gemeng iwwerléisst dat Gebai wat laanscht d’Industriestrooss an niewent dem Tuerm läit fir 1,00 € d’Jar der Gesellschaft “Kino Dikkrich s.àr.l.” (SCHOLTES & BRAUCH + SOCOM ?) fir d’Dauer vun 20 Jar, mat der Oplo, do ee neie Kino opzeriichten, dee spéitstens den 31. Dezember 2015 seng Dieren opmécht.
- Während deenen 20 Jar brauch d’Gemeng keng Käschten, weder fir d’Bedreiwe nach fir den Ënnerhalt vum Kino ze bezuelen.
- Wann de Kontrakt ofleeft, also spéitstens am Jar 2035, muss d’Gemeng der Gesellschaft de Kino ofkafen.
D’Cession d’un droit de superficie tëschent der Gemeng an der Gesellschaft “Kino Dikkrich s. à r. l.” ass de 17. Juni 2013 vum Gemengerot ugeholl ginn.
4.2) Contrat de bail avec option d’achat (2014-06-27)
Duerch dëse Pachtvertrag iwwerhëlt d’Gemeng de Projet Neie Kino.
- D’Gemeng steiert e Minimum vun 7 Milliounen € bäi.
- Entweder lount d’Gemeng de Kino op 20 Jar oder si keeft de Kino am Jar 2017.
- De Loyer ass fixéiert op 6,7 % vum “reelle Gesamtinvestitionsvolumen”, i.e. 7.000.000 x 6,7 % = 469.000 € d’Jar dat mécht 9.380.000 € an 20 Jar.
- De Kafpräis entsprécht dem “reelle Gesamtinvestitionsvolumen” an ass entweder an enger oder a méi Tranchen ze bezuelen.
- All Onkäschten an Taxen fir de Betrib vum Kino leie bei der Gemeng.
- Et ass der Gemeng iwwerlooss, de Kino selwer ze bedreiwen oder engem externe Bedreiwer (sous-traitance) unzevertrauen.
De Contrat de bail avec option d’achat tëschent der Gemeng an der Gesellschaft “Kino Dikkrich s. à r. l.” ass de 27. Juni 2014 vum Gemengerot ugeholl ginn
Aplaz vum Gebai lénks soll spéitstens den 31. Dezember 2015 dee neie Kino funktionéieren [bp_2004]
interligne forcé
An deem giele Gebai soll dee neie Kino ageriicht gin [hb_architectes_2003]
5) Projet 2013: éischt Pläng
Neie Kino Al Seeërei 2013: rue de l’Industrie [hb_architectes_2013]
De Projet 2013 gesäit 5 Säll vun insgesamt 487 Plaze vir. D’Gréisstenuerdnung vum aktuelle Projet entsprécht deemno nach 68 % vun der Envergure vum Projet 2005 mat 4 Säll a 715 Plazen. Dat ass scho méi no bei de Previsioune vun der CSV, fir déi e regionale Kino zu Dikrich vu ronn 400 Plazen grouss genuch sollt sinn. Et ass nach net bekannt wéi d’Exploitatioun soll gemaach ginn. D’Decisioun ween de Kino schlußendlich exploitéiert läit beim Locataire, d.h. laut “Contrat de bail avec option d’achat”, bei der Gemeng.
Neie Kino Al Seeërei 2013: Implantation [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Rez-de-chaussée [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: 1er étage [hb_architectes_2013]
Vu lénks no rechts:
Sall 1: 62 Plazen dovun 2 handicapéiert Plazen
Sall 2: 62 Plazen dovun 2 handicapéiert Plazen
Sall 3: 124 Plazen dovun 3 handicapéiert Plazen
Sall 4: 115 Plazen dovun 3 handicapéiert Plazen
Sall 5: 124 Plazen dovun 3 handicapéiert Plazen
5 Säll: 487 Plazen dovun 13 handicapéiert Plazen
Neie Kino Al Seeërei 2013: Façade Sud (rue de l’Industrie) [hb_architectes_2013]l
Neie Kino Al Seeërei 2013: Façade Nord [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Façade Est [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Façade Ouest [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Vue plongeante Sud-Est [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Vue plongeante Ouest [hb_architectes_2013]
Neie Kino Al Seeërei 2013: Coupe Nord-Sud [hb_architectes_2013]
6) Eis Meenung
Mir begréissen, dass ee neie Projet fir ee neie Kino zu Dikrich zustane kënnt.
Dee Site vun der Aler Seeërei entsprécht den Ufuerderungen:
- zentral geleeën,
- Parking ass nobäi,
- Uschloss un Zuch a Bus besteet,
- d’Geleeënheet fir virum Kino oder nom Kino an der Noperschaft eppes ze drénken an/oder z’eessen ass ginn.
De Projet hätt missen laangfristig u langfristigen a realistische Perspektiven ausgeriicht a weider entwéckelt ginn.
Zu gläicher Zäit wéi deen neie Kino muss och den Tuerem restauréiert an aménagéiert ginn. Et wär sécher vu Virdeel gewiescht, wann den Ëmbau vum Tuerm – deen der Gemeng gehéiert – vun Ufank un am Projet Neie Kino integréiert gewiescht wär.
Et ass wichtig mat engem Bedreiwer zesummen ze schaffen, dee bewisen huet, dass en den Know-how an di néidig Mëttelen huet, fir sou ee Kino ze plangen an ze bedreiwen oder awer, wéi bis elo, als Gemeng selwer ze bedreiwen.
D’Gemeng huet beschloss, deen neie Kino ze lounen (fir 469.000 € d’Jar) oder ze kafen (fir e Präis tëschent 7.000.000 an 10.000.000 €, an dat wuelverstan ouni d’Käschte vum Aménagement vum Tuerm) a selwer ze bedreiwen oder en sous-location bedreiwen ze loossen: Egal wéi, de ganze finanzielle Risiko läit eenzig an alleng bei der Gemeng. Dat entsprécht net der initialer Ausriichtung vun deem Projet, deen de Gemengerot als private Projet approuvéiert huet.
7) Annexes
< Hei > fannt Dir de Contrat de concession d’un droit de superficie (acte notarié) dee vum Gemengerot de 24. Abrëll 2013 an enger ëffentlicher Sitzung majoritär ugeholl gouf.
< Hei > fannt Dir de Communiqué de presse vun der CSV-Dikrich zum Projet Neie Kino zu Dikrich – Versioun 2013
< Hei > fannt Dir een intressanten Artikel vum Josée HANSEN am LAND vum 25. Januar 2013 iwwert CARAMBA
< Hei > fannt Dir de Contrat de bail avec option d’achat dee vum Gemengerot de 27. Juni 2014 an enger ëffentlicher Sitzung majoritär ugeholl gouf
< Hei > fannt Dir den Avis vun der CSV-Dikrich zum “Contrat de bail avec option d’achat” vum 17. Juni 2014
< Hei > fannt Dir de Contrat de résiliation d’un droit de superficie et levée d’option d’achat (acte notarié)
< Hei > fannt Dir de Communiqué de presse commun vun CSV, DP an déi gréng vum 13. Juni 2017
D’CSV ënnerstëtzt dee Projet prinzipiell. Mir sinn der Meenung, ee regionale Kino passt dohin: et si vill Parkplazen nobäi an den ëffentlichen Transport ass di aner Säit vun der Strooss. Mir hätten äis allerdéngs gewënscht ë puer Detailer iwwert de Projet selwer gewuer ze ginn. De Buergermeeschter huet de 24. Abrëll 2013 am Gemengerot gesot et géif am Fong nach guer kee konkrete Projet ginn: Hee konnt eis net soen, wivill Säll oder wivill Sëtzplazen virgesi wären. Hee konnt eis kee Bauhär a kee Bedreiwer nennen. Hee wosst och net, ob ee Bistro dohi kënnt oder ob nach ëmmer dru geduecht gëtt och Keelebunnen a Billardsdëscher – wéi dat am Projet 2005 stung – dohin ze setzen. A virun allem, konnt heen äis net soen, wéi di finanziell Gréisstenuerdnung vun deem Projet wär. Fest steet awer, dass d’Gemeng dee Kino am Jar 2035 muss kafen, egal wivill en dann nach wäert ass bzw. kascht. Souvill – oder besser sou wéinig – zum Projet selwer.
Wat den Tuerm ugeet, hues du ganz Recht, dass deen an engem ganz schlechten Zoustand ass. Den Tuerm gehéiert och net zu de Gebaier déi der Gesellschaft zur Verfügung gestallt ginn (dat ass ausschliisslich di giel Fläch um Plang) fir een neie Kino ze bauen. Fest steet, wann niewendrun ee neie Kino gebaut gëtt, muss den Tuerm och sanéiert ginn, soss riskéiert en an e Koup ze falen. D’Käschten fir den Tuerm an d’Rei ze setzen falen dann op Gemeng zréck. Mee, vläicht gëtt den Tuerm ofgerappt. Wee kann dat scho wëssen ?
Mat all deene Bistroen an Restoe muss ee just oppassen, dass mir net geschwënn an all Eck vun Dikrich e puer Bistoen hun an et kee richtege Kader méi gëtt, wou eppes lass ass. Wann dee neie Site bei der Brauerei bis op geet an do och nach Bistroe kommen, hu mir schonn 3 Plazen wou eppes lass ass, an dann ass iwwerall bessi eppes lass an néirens wierklech.
Ee neie Kino zu Dikrich ass nëmmen ze begréissen. Zu enger moderner Stadt gehéiert et och dem Bierger an zumols der Jugend een flotte Site ze biden, wou een eng schéin Zäit kann verbréngen. Een moderne Kino passt do genau an dât Konzept. Awer déen Site muss och attraktiv sin, on dozou gehéiert nach een flotte Bistro, wou een virum Film an och duerno nach chillen kann. Mir gefällt dén Turm riets vum neie Kino awer guer net, dén ass an éngem désolaten Zustand, an passt net an Konzept vun eengem neien an moderne Kino. Méng Idee wär, genau dén ze renovéieren, an dobannen eben een flotten Bistro ze intégréieren. Ech hun den ganzen Projet net gelies, an et kann jo sin, dât esou éng Initiative virgesinn ass. Ech sin iwerzeegt, dât och esou een Bistro vill Leit gif unzéien. Et wär jiddenfalls schued, wann eeng baufälleg Ruin, niewend eengem moderne Kino gif stoen. Dât passt awer guer net an déi modern Architektur op dém Site. Oder, ass den aalen Turm als Monument historique klasséiert gin.? Wéi gesôt, dât ass nëmmen eeng Idee, an kéng Kritk um Projet.