Erneierung vum Stadhaus

1) Konzept

1959 ass d’Gemeng an dat neit Stadhaus op der Gare geplënnert. Well d’Haus mat de Jaren ze kleng ginn war a well di elementaarst  Sécherheetsbestëmmungen net méi konnten agehal ginn (eng eenzig hëlzen Trap an engem ëffentliche Gebai !), muss d’Stadhaus an d’Rei gesat, ëm- an ausgebaut ginn.

interligne forcé

No deem futuristischen LSAP-Projet vun 2005, deen dat historischt Gebai vum Keller bis op de Späicher verschandelt hätt, huet dee virichte Schäfferot ënnert CSV-Féierung méi een dezente Projet ausgeschafft, deen deem historische Charakter vum Haus gerecht gëtt. D’Versioun 2010 vum Projet huet och de Service des Sites et Monuments iwwerzeegt (de Service des Sites et Monuments muss säin Accord ginn, well d’Stadhaus als Monument National klasséiert ass) an et ass de Projet vun der virichter Majoritéit vun CSV an Déi Gréng, deen realiséiert gëtt.

 

2) LSAP-Projet 2005 (net gebaut)

 

Stadhaus LSAP-Projet 2005 (av. de la Gare)

i nterligne forcé

Stadhaus LSAP-Projet 2005 (Parc)

 

3) CSV-déi gréng-Projet 2010 (realiséiert)

 

Stadhaus CSV-déi gréng-Projet 2010 (av. de la Gare)

interligne forcé

Stadhaus CSV-déi gréng-Projet 2010 (Parc)

interligne

4) Réalisation

 

Screen Shot 2013-05-13 at 00.47.25

Virum Ëmbau [bp_2008-05-11]

interligne forcé

2013-05-21 Stadhaus - b

Ëmbau vum ale Stadhaus an neien Ubau (rechts) [bp_2013-05-21]

interligne forcé2014-06-09 Hotel de Ville - 2

 Den “aménagement intérieur” an d”alentours” mussen nach gemaach ginn [bp_2014-06-09]

interligne forcé
Dk HdV 505 Aménagement extérieur - 2014-07-13 @ 16-37-14

 Fir méi Plaz ronderëm d’Stadhaus ze hunn gëtt d’Haus SPRANCK ofgerappt [bp_2014-07-13]

interligne

5) Fotostreck vum Projet “Erneierung vum Stadhaus” (bp_1999-2014)

interligne forcé

 

 forcé

CSV-DIKRICH_2013 300dpi

4 Responses to “Erneierung vum Stadhaus”

  1. Michel Klasen

    Hallo,

    Als ale Lateiner hun ech de Message verstanen. Gesetz ass Gesetz. Awer ët mecht mer Spaas, mech mat menge Kollegen (am Gemengerot) „auseinander zu setzen“. Mir soen hei: „der Ober sticht den Unteren“. Als „Unterer“ muss ët mer trotzdem erlaabt sën, „meinen Senf dazu zu geben“. Bis geschwënn.

    Mat frëndleche Gréiss

    Michel Klasen

  2. Charel Bonert

    Net nemmen vun 1999 un dokumentiërt,
    recherchiërt a présentiërt.
    Do kann ech mich nëmme wonneren,
    dass net mi Lett hei geäntwert hun.

  3. csv_dk

    Villmools Merci fir dee Kommentar, zu deem mir folgendes wëlle bemierken:

    Dat lëtzebuergischt Denkmalschutzgesetzt vun 1983 (Loi du 18 juillet 1983 concernant la conservation et la protection des sites et monuments nationaux), dat op der Charte de Venise vun 1964 baséiert, verlaangt, dass een Neibau bzw. Ubau sech am Stil an an der Ausféierung däitlich muss vum klasséierten a geschützte Gebai ënnerscheeden. Et wär also vum Gesetzt hier iwwerhaapt net méiglich geweecht, « én Ubau am Stil vun der Fassad vum aale Stadhaus hinzezauberen ».

    Trompe l’œil-Architektur oder « sou maache wi wann » ass onerwënscht an denkmalschützerich een no go.

    Doriwwer eraus : de gustibus et coloribus non est disputandum.

  4. Michel Klasen

    Dir léiw Leit,

    Wéi mat dem Gaston Vogel ze schwätzen: den Ubau vum Stadhaus ass degoutant. Eng Ausschreiwung vun sou Arbichten ass EU weit virgeschriwen. D’Polen an Tschechen gehéieren dozou. Do gët et nach Stémetzer, déi én Ubau am Stil vun der Fassad vum aale Stadhaus higezaubert hätten. Der Prophet gilt nichts im eigenen Land. Duerfir sën ech ausgezunn.

    Mat frëndleche Greiss

    Michel Klasen
    Schellenberger Weg 16
    D-91077 Neunkirchen am Brand

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.