Photovoltaik

 

1) Virstellung vum Projet (Al Seeërei, 25-09-2012)

  • Ville de Diekirch / Services industriels
  • Enovos / Nordenergie
  • Solartec
  • Fiduciaire Müller

 

 

 

 

2) Opbau vun der Gesellschaft

  •  D’Gemeng stellt den Daach gratis zur Verfügung
  •  Nordenergie + Enovos plangen a bauen d’Anlag mat Solartec fir Sunelec-Diekirch s. c.
  •  D’Anlag gëtt finanzéiert vun der société civile Sunelec-Diekirch där si dann och gehéiert
  • Spéitstens den 31. 12. 2012 muss d’Anlag a Betrieb geholl ginn an an d’Netzt aspeisen.
  •  D’Gestioun vun der Anlag gëtt gemaach vun der Fiduciaire Müller
  • D’Gesellschaft besteet sou laang wi den Aspeisungspräis vum produzéierte Stroum vum Staat garantéiert ass, also 15 Jar
  • Duerno verfällt d’Anlag un d’Gemeng

 

 

 

3) Funktionnement vun der Gesellschaft

  • Maximal 31 Teilhaber vun der Gesellschaft kafen au total 31 parts sociales vu je 2.850,00 €
  • Domat beleeft sich de capital initial vun der Gesellschaft op   31 x 2.850,00 = 88.350,00 €
  • Am 1. Jar kréien dTeilhaber hier quote-part vun der TVA (i.e. 371,74 € ) zréck
  • Am 2. Jar kréien d’Teihaber hier quote-part vun der staatlicher Subventioun (i.e. 700.90 €) ausbezuelt
  • Ab dem 1. Jar gëtt all Jar eng quote-part vum bénéfice an eng quote-part vun der caisse pro part sociale un d’Teilhaber ausbezuelt

 

 

 

4) Wert-Entwécklung vun enger part sociale (prévisions)

  • No 2 Jar (2014) huet den Teilhaber schonn d’Halschent vu sengem Asaz zréckbezuelt kritt
  • Ab dem 8. Jar (2020) fängt den Asaz un sech ze rentéieren
  • Um Enn vun der Lafzäit vu 15 Jar (2027) huet den Teilhaber e bénéfice vun 1.248,75 € gemaach (Rendement vun ± 2,5 %)

 

 

5) Site vun der Haaptanlag

  • D’CSV-Déi Gréng Majoritéit hat d’Hal vun de Consorts LAUBACH an der Fielserstrooss ofkaaft
  • An di fréier LAUBACH-Hal kommen verschidde Servicer vum Service industriel
  • Op dem Daach vun der fréierer LAUBACH-Hal gëtt di éischt Photovoltaikanlag installéiert

 

Dk_SUNELEC 201 Site - 2

D’Photovoltaikanlag vun der Gesellschaft SUNELEC Dikrich_1 op der Hal LAUBACH (Services industriels)
ass an der Mëtt vum Bild hannert deem roude véiereckige Kamäin ze gesinn (29 Dezember 2012).

6) Alternativ Siten fir Photovoltaik

  • Well méi wi 31 Privatinvestisseure sich sich gemellt hun, kënnen nach eng oder méi zousätzlich  Anlage vu  manner wi je 30 kWc gebaut ginn
  • Fir all zousätzlich Anlag muss eng nei Gesellschaft gegrënnt ginn
  • Alternativ Site sinn: Nei Schull, Militärmusée, Pompjeeshal

 

2012-09-25 Présentation Sunelec s. c. - 7 (1)

 

Schlussendlich ass den Daach vun där neier Schull zréck behale ginn, fir eng zweet Photovoltaik-Anlag opzeriichten.

 

Dk_SUNELEC 100 Présentation - 7

 

7) Assemblée constituante
     Société civile SUNELEC Dikrich_1 (Hal LAUBACH)
….(Festsall vun der Schull, 06-11-2012)

SUNELEC Présentation 2012-12-22.006

 

8) Assemblée constituante
     Société civile SUNELEC Dikrich_2 (Nei Schull)
….(Festsall vun der Schull, 20-12-2012)

SUNELEC Présentation 2012-12-22.008.008-001

 

9) Tableau comparatif
     SUNELEC Dikrich_1 vs SUNELEC Dikrich_2

 

Screen Shot 2012-12-22 at 01.45.09

 

 

10) Rentabilité comparée (prévisions)

       SUNELEC Dikrich_1 vs SUNELEC Dikrich_2

 

SUNELEC Rentabilité comparée Dk_1 - Dk_2 2012-12-22 at 16.39.12

 

Hannerloosst eng Äntwert

Dir musst ugemellt sinn fir e Commentaire ze schreiwen.