Laut Kadaster läit d’Wuermkrautwiss (Wurmkrautwies) géintiwwer vun der Ficellesbréck op der Säit vun der Sauerwiss: si mécht den Eck tëschent der Promenade de la Sûre laanscht d’Sauer an der rue Sauerwiss: Dat Areal wat lo iwwert de Wee vun engem PAP (Plan d’Aménagement Particulier) erschloss gëtt, läit an deem aneren Eck, tëschent der Fielserstrooss an der Promenade de la Sûre.
Kadasterplang vun 2013: Lieu-dit Wurmkrautwies (roude Rondel) vis-à-vis vun der Ficellesbréck (violett), PAP Wurmkrautwies (gringen Areal mat gringer Rumm) [http://map.geoportail.lu,l égende: bp_2013]
Al Foto vum Areal Wurmkrautwies [Foto: MH[s]D mise à disposition famille LUCAS, légende: bp_2013]
Nodeems d’Firma LAUBACH am Jar 2009 mat dem Container- a Ferntransport-Betrieb opgehal hat, huet d’Gemeng di fréier Halen an Ateliere kaaft, fir do di vergréissert Services industriels ënner Daach ze brengen. Den Terrain LAUBACH selwer läit seitdeem brooch e soll lo als Wunningsgebitt erschloss ginn. E PAP reglementéiert an organiséiert d’Erschléissung vun deem Bauland. An enger Konventioun tëschent dem Promoteur an der Stad Dikrich gëtt festgeluecht wéi den Terrain am Detail soll genotzt (Gargen, Parkings, Accès, Waasser, Elektrisch, Fernwärme, Kanal, Antenne collective, Stroossen, Beliichtung, etc) an aménagéiert ginn.
Garagen an Halen vun der Entreprise LAUBACH déi d’Gemeng 2009 kaaft huet [bp_2006]
Orange: Halen + Garagen vun der Entreprise LAUBACH déi d’Gemeng 2009 kaaft huet. Gring: Services industriels vun der Stad Dikrich [Photo: google-earth_<2006, Grafik: bp_2013]
Hellblo: Situatiounsplang vum PAP Wuermkrautwiss [Photo: google-earth_<2006, Grafik: bp_2013]
Vue vum Daach vun där neier Energiezentral (Services industriels route de Larochette) erof op op den Terrain LAUBACH, deen elo als PAP Wuermkrautwiss zu Wunnzwecken aménagéiert soll ginn [Foto: bp_2009]
Ufanksprojet (2007)
Definitive Projet (2013)
Maquette vum definitive Projet (2013): Bis op d’Orientatioun vum Bloc lénks (steet parallel an net schif zu der Promenade de la Sûre an der Sauer) entsprécht d’Maquette deenen aktuelle Pläng.